“Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern” ass eng Oper, déi sech aus zwou liéierte Geschichten zesummesetzt. Opgefouert gëtt dat ganzt an zwee Akten: “En vertu de...” an “Der Kaiser von Atlantis”. Ma och d’Plazen änneren tëscht den zwee Akten. Den éischten Deel spillt sech am Hémicycle vum European Convention Center of, an den zweeten am Groussen Theater.
Mat enger, fir eng Oper éischter kuerzer Durée vun 2 Stonnen ass des och eng gutt Astiegs-Oper. D’Stéck ass wéinst senger Musek an deene villen theatralesch Elementer immens zougänglech. Dobäi kënnt, datt een am Stéck och op bekannt Charakteren aus der Konscht trëfft, wéi den Dout oder den Harlekin.
D’Stéck leeft dëse Samschden um 19.30 Auer an e Sonndeg um 17 Auer. Tickete fannt Dir hei.