RodinUS-Amerikaner fälscht Auguste Rodin Skulpturen

RTL Lëtzebuerg
De Gary Snell aus der USA huet em déi 50 Wierker vum bekannte franséischen Artist August Rodin gefälscht

E Mëttwoch gouf den US-Bierger Gary Snell zu Paräis festgeholl. Hie gëtt ugeklot, méi wéi 1.700 Reproduktioune vu Konschtwierker, dovunner 50 vum Rodin, gemaach ze hunn. Mat deenen huet hie méi wéi 60 Milliounen Euro verdéngt.

Dem Mann gehéiert den “Snells Gruppo mondiale”, dee säin Haaptsëtz an Italien huet. D’Firma huet d’Fälschunge mat Hëllef vun engem originalen Ofdrock gemaach, dee si kaf huet, an deen de Rodin selwer benotzt huet. Dono hu si déi Fälschungen als original Wierker ënner anerem zu Venedeg, Toronto a Genf ausgestallt.

1916 huet den Auguste Rodin all seng Wierker dem Franséische Staat vermaacht an dorausser ass dann de Rodin Musée zu Paräis entstanen. De Gary Snell muss dem Rodin Musée zu Paräis elo eng Strof vun insgesamt 60 Milliounen Euro bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO