Am Kader vum rezenten Ënnerstëtzungs Programm vum Lëtzebuerger Filmfong "CinéWorld", sinn zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen hei zu Cannes gewise ginn.

The Orphanage vun der afghanescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat an der "Quinzaine des Réalisateurs" an  O que Arde (Viendra le feu) vum Oliver Laxe aus Galizien.

Fir de CinéWorld-Programm qualifizéiere sech d'Co-Produktioune mat bescheidenem Budget aus éischter méi klengen a finanziell méi schwaache Cinematographien. Déi bescheide Mëttelen (maximal 200.000 € ) op deene kee Lëtzebuerger Produzent vill verdéngt sinn fir munch Filmer mat klengem Budget eng wichteg Hëllef, an doduerch och eng gutt Saach, och wa komescherweis de Filmfong dat net onbedéngt als e Genre vun Entwécklungshëllef wëllt gesinn.

Fir de Filmfong schéngt dëse Programm haaptsächlech e Mëttel ze sinn, fir 'Nation Branding' ze bedreiwen, dee sech méi einfach a virun allem och vill méi bëlleg mat schonns confirméierten auslännesche Realisateure maache léisst, déi op internationale Festivaller den Numm vu Lëtzebuerg vermaarten, wéi mat reng nationale Filmer a Realisateuren. Dat klappt och, well zu Berlin ware jo och schonn zwee CinéWorld- Filmer an der Panorama-Sektioun gelaf: de südafrikanesche Film FLATLAND an TEMBLORES aus dem Guatemala.

THE ORPHANAGE ass d'Suite vum Film "Wolf and Sheep", deen 2016 och schonns an der Quinzaine des Réalisateurs hei zu Cannes ze gesi war. E baséiert op Erënnerunge vun engem Frënn vun der Realisatrice a beschreift op impressionistesch Manéier eng Rei Episoden aus dem Liewe vu Jugendlecher zu Kabul, déi vun de Meedercher dreemen a faszinéiert si vum romanteschen a flamboyanten Bollywood-Kino. Eng Excursioun op Moskau brécht den éischter tristen Alldag, bis op eemol d'Portraite vum Lenin a Stalin erofgeholl ginn, an d'Frae voiléiert dorëmmer lafen. D'Mudjahidinen hunn de Pouvoir zu Kabul iwwerholl.

Manner faarweg ass de Film VIENDRA LE FEU dee sech a Galizien, gréisstendeels bei reeneregem Wierder an enger austärer Natur ofspillt. Op quasi dokumentaresch Manéier gëtt den Alldag vun enger aler Fra an hirem Fils, dee wéinst Brandstëftung am Prisong war beschriwwen. Si liewen a primitive Verhältnisser mat hiren dräi Kéi um Rand vun engem Duerf a leiden an aller Stëll genau wéi d'Natur: am Ufank vum Film walze riseg Baggeren duerch een Eucalyptus-Bësch, an de Film hält op mat engem impressionnante Bëschbrand.

Niewent dem Terrence Malick ass och den neie Quentin Tarantino ONCE UPON A TIME IN HOLLYWOOD, mat grousser Spannung erwaart ginn, zemools en eréischt a leschter Minutt selektionéiert gouf. Béid Realisateuren hunn hir Fangemeinschaft, an awer och vill Détracteuren. De Quentin Tarantino ass wéi e grousst Kand, dat seng Cowboysfigure mat engem nostalgesche Bléck hin an hir tässelt, ouni richteg ze wëssen wéi en dermat spille soll. Well e keng richteg Geschicht erzielt, mee haaptsächlech Zeenen hannerenee pecht, brauch en och  keng weider developpéiert Personnagen. Säi Cowboy Acteur (Leonardo Di Caprio), dee virum Enn vu senger Carrière steet, a säi Stuntdubbel (Brad Pitt), sinn éischter Pretext fir Filmreferenzen opzezielen a Filmsequenze vu fréier (mir sinn hei Enn der 60er Joren zu Hollywood) ouni vill Originalitéit ze reproduzéieren, wat éischter langweileg eriwwer kënnt. Zouginn: an dem bal dräi Stonne laange Film ginn et e puer lëschteg Momenter an e puer wierklech gelonge Sequenzen, wéi déi spannend Visitt vum Brad Pitt op der Ranch vum Charles Manson senger Sekt, oder déi Zeen wou d'Sharon Tate an engem Kino sech an engem vu senge Filmer mat enger kannereger Begeeschterung selwer kuckt. Zum Schluss schléit den Tarantino dann eng e bëssen onerwaarte Pirouette, déi kee Beweis vu grousser Maturitéit ass: méi däerfe mer hei, op ausdréckleche Wonsch vum Tarantino, net verroden.

Wéi de Malick, Tarantino, Almodovar oder Ken Loach, bleiwen och d'Gebridder Dardenne hiren Themen an hirem Stil trei. De Film LE JEUNE AHMED erzielt vum 13 Joer alen Ahmed, dee vun engem Imam esou indoktrinéiert gëtt, bis en op eegen Initiative versicht seng Léierin ëmzebréngen, well déi d'Arabescht net nom Koran enseignéiert a kee Voile undeet. All gutt gemengten Entradikalisatiounsversich vu sengem Entourage an den Educateuren hu keng Emprise op de sture Bouf. Wéi gewinnt suivéiert d'Kamera de Bouf permanent a werft en distanten, quasi objektive Bléck, ouni Jugement, op de Jong. D'Demarche vun den Dardenne-Bridder stéisst esou lues op hir Limitten. Deen zimlech brüske Schluss huet awer zumindest zu villen Diskussiounen gefouert.

De Krimi "Memories of Murder" an den Horrorfilm "The Host" vum koreanesche Realisateur Bong Joon Ho ziele wuel zu de weltbeschte Filmer an hirem Genre. An engem fir hie ganz neie Genre, huet hien et nees fäerdeg bruecht, grouss opzetrompen. A senger Tragi-Komedie PARASITE schläicht eng Famill aus den ënneschte Schichten sech no an no an eng räich Famill eran. De Bouf gëtt Englesch-Unterrecht, d'Meedchen gëtt sech als Psychotherapeutin aus, fir de klenge räiche Fils ze calméieren, de Papp gëtt Chauffeur an d'Mamm iwwerhëlt de Stot. Bis déi geschasste fréier Déngschtmod enges Dages zeréckkënnt an alles drënner an driwwer geet, an deen Term ass quasi wuertwiertlech ze huelen. A villen Zeenen ass de Film op der Grenz vu Komedie an Horror, a spillt mat ongeféier alle Film-Genren. Konsequent awer denoncéiert en ons d'Klassegesellschaft, a klappt dobäi och op déi vun' Ënnen', déi manner recommendabel sinn, wéi déi Räich vun 'Uewen', déi éischter fei sinn, awer einfach de Geroch vun der Aarmut net verdroen.

PARASITE gëtt bei der Kritik als de grousse Favorit fir d'Palme d'Or gehandelt, an dierft och herno am Kino bei engem breede Publikum gutt ukommen.

Aner méiglech Kandidate fir de Palmarès, deen e Samschdeg proklaméiert gëtt, sinn déi zwee franséisch Filmer LES MISERABLES vum Ladj Ly a PORTRAIT DE LA JEUNE FILLE EN FEU vum Céline Sciamma, dem Ken Loach säi SORRY WE MISSED YOU an DOLOR Y GLORIA vum Pedro Almodovar, deen nach ëmmer op seng éischt Palme waart.