V3 Power Shot

Den Nico Graf war am Grenzgebitt mam Vëlo ënnerwee an huet do villes entdeckt, wat mat der Lëtzebuerger Geschicht ze dinn huet...
Wéi gewinnt, parks de zu Ruwer a séier op de Vëloswee. Dee läit um Tracé vun der Hochwaldbahn vun deemools an déi ass nieft der Ruwer douce de biergop gaangen, vun Tréier op Hermeskeil. Duerfir fiert et sech do och esou gutt mam Vëlo, bal ëmmer Faux-plat, e bësse montant. Et gëtt do schwaarz Kiewerleken, déi vun enger Säit op déi aner lafen, déi evitéiers de fein säuberlech, well fréier hunn deng Kanner jidder eenzele vun deene gerett.
An da fiers de vu Ruwer aus esou eng 8 oder 9 Kilometer, riets hues de eng réimesch Waasserleitung fir Tréier leie gelooss, an du kënns op eng Bréck a lénks ass dann do e butzegt Duerf, dat heescht Sommerau. An do ass eng Buerg dran an driwwer. Bon, d'Buerg: dat sinn nach just e pur ruinéis Maueren an uewen um Tuerm hänkt e Fändel, deen ass roudelzeges-gielsech-blo, dee kënnt der vague bekannt vir, mä net méi. A virwëtzeg gees de kucken, wat dat fir eng Buerg war an du fënns natierlech eng Pancarte an do steet dann, datt déi Buerg engem gewësse Johann gehéiert huet a vun deem - yeah, Roude Léif huel se - verierft gi war seinen beiden Neffen Johann und Heinrich des luxemburgischen Adligen Johann von der Fels, 1389. D'Familie von der Fels hätt vun do un an der enger Halschent vun der Buerg gelieft.
Mir also do iwwer, herrjé.
A wéi dat dann esou geet am Liewe vu Buerge gëtt et Krich, an den 2. Juli 1574 gëtt Sommerau vun 200 luxemburgischen Schützen und einer Anzahl von Reitern überfallen. Firwat? Steet net do. Et geet rieds vun engem Dauner Zwischenfall. Mä no deem Incident kann een op Wikipedia jo emol sichen. Egal. Et wier ein Racheakt gewiescht, mat Plünderung. Alles was nicht niet- und nagelfest ist wird geraubt; alle anderen Einrichtungen werden zerschlagen. Dat ware nach Zäiten, wéi mir aner eis im Reich de Batti gestallt hunn.
An do ass lënkerhand eng Wiss. Do stoung den Helikopter vun der Air-Rescue drop. Stoung do. An de Pilot, dee souz an der oppener Dier an huet um Handy gedaddelt. Dat huet dech gewonnert, deen Helikopter an der Wiss. An e klenge Kilometer weider steet dunn e Policewon um Vëloswee a virun deem läit eng Decken an ënner der Decken kucke giel Turnschlappen eraus. En Doudegen um Vëloswee. Widder d'Gelänner geluecht zwee Vëloen, opfälleg kleng Course-Vëloen. An du hoffs, datt do kee Kand gestuerwen ass, mä datt e richteg ale, klenge Mann sech verausgabt hat. An iwwerdeems de ganz lues laanscht fiers, kënnt vun hannen erbäi en aneren Auto, den Amtsarzt. Wéinst dem Doud um Vëloswee gëtt enquêtéiert. Keng Aarbecht méi fir d'Air Rescue.
No engen 10 Kilometer kënnt eng opfälleg flaach Stréck. Et gëtt Cyclotouristen, déi fueren do mat Réckewand 28 à l'heure. Wa se esou schëtzeg ënnerwee sinn, da fuere si iwwer honnerte vu Seechomessen, déi grad do um Wee an der Sonn vill ze kniwwelen hunn, kleng Béischten, déi ee net evitéiere kann. E Roadkillchen.
An du mierks esou just nach, datt lénks eng Mauer ass, e Meter héich, eng 100 Meter laang, eppes, wat een iergendwéi kennt, um Sennengerbierg bei der Charlys Gare gouf et och esou eng Mauer. Hei war also eng Gare, e Bahnhof, mä kee Gebai méi do. Du wëlls eng Foto maache vun där Mauer, stells däi Vëlo derwidder, hëls deng Canon Power Shot eraus. D'Kamera quiitscht kuerz, d'Objektiv fiert eraus an erëm eran. Den Apparat gëtt de Geescht op, Akku eidel. Vill faarweg Coureure fueren op eemol laanscht. Déi eenzeg, déi hei Helmer un hunn, si si. Si schwätze ganz haart a si fuere ganz séier.
Riets déi Parkplaz, vill Sand, agerummt mat Kéip vun Eisebunnsschlaaken. Op de Bänken, do sëtzen d'Cyclotouristen, wa se genuch Vëlo gefuer sinn a se raschten, ier se an den Auto klammen. An do ass och eng Strooss, queesch iwwer de Vëloswee, do muss een op d'Autoen oppassen, déi fueren hei gär Rallye. No riets geet et an en Duerf, dat Lampaden heescht, do uewen am hallwe Bierg, dat kennt keen. A lénks geet et bei eng aner Buerg erop, Burg Heid, déi kennt och keen. Do haten d'Amerikaner - hoppla, wou kommen déi elo hir? - egal, d'Amerikaner haten do hiren headquarter, am Mäerz 1945. Wéi d'Schluecht ëm den Dreikopf, do uewen bei Pellingen, eriwwer war. Den Dreikopf, dat ass de Bierg am Westen net wäit vun hei. 501,8 Meter héich, esou héich, datt e strategesch wichteg war. Déi 6. SS-Gebirgsdivisioun Nord hat do probéiert, déi 94. amerikanesch Divisioun unzehalen, de 6. Mäerz 1945, dat war schif gaangen, honnerten Doudeger. Se haten ëm d'Landstrooss op der Héicht gekämpft.
Do fiers de elo nach net hin. Du fiers d'Strooss erof an iwwer d'Ruwer an direkt riets ass de Feldwee. Deen ass vill ze gutt a fest, uerdentlech Gestengs, net ausgewäsch. Hei muss et gewiescht sinn. Lénks ass den Hank, lénks ass de Bësch, dee war néideg wéinst der Tarnung, riets ass d'Ruwer. Du sichs, mä du gesäis näischt. Si hunn de Bësch gebotzt, dat heescht Beem ëmgehaen, déi leien elo am Fréijoer nach ëm, der Längt no am Hank. Du fiers, kucks ëmmer no lénks, ee Kilometer laang kucks de op deen Hank, vill ze wäit gefuer, an du hues näischt entdeckt. Hei sti blo Blimmercher. Et ass elo net fir romantesch ze ginn, net hei. Dat si Bodendecker, déi sinn hei néideg.
Hei stoung se also anzwousch, d'Hochdruckpumpe, d'V3. Eng Vergeltungswaffe, déi mat der V2 net vill ze dinn hat, awer trotzdeem datselwecht Zil hat: vu Frankräich aus sollt op London geschoss ginn. Dat ass ni geschitt. En SS-Typ wollt dem Adolf awer weisen, wat hien a déi V3 kéinten a krut d'Erlaabnis, se auszeprobéieren. Hei. Vu Lampaden sollt op d'Stad Lëtzebuerg geschoss ginn, wou d'Amerikaner scho waren. Fleissiges Lieschen ass d'V3 och nach genannt ginn oder och Tausendfüssler. De Röchling hat se produzéiert, hat och d'Granate gebaut, et waren der zegdausend. Du frees dech, ob d'ARBED Stol derfir geliwwert hat. Zwou Kanounen hate se hei opgeriicht, heemlech, ee Mount hu se duerfir gebraucht. D'Material ass mat der Hochwaldbahn geliwwert ginn, nuets, an um Bahnhof Lampaden ausgeluede ginn. Duerfir war se gutt, déi Gare, do hannen, wou elo d'Parkplaz ass.
D'Kanoune sinn an de Hiwwel agegruewen ginn. D'Gefäll huet misse 34 Grad sinn. De Bierg, virun deem s de stees, huet genee dat Gefäll. Säitlech vum Kanounerouer ware Sprengchargen. Wann d'Granat duerch de Rouer gedosch ass, sinn déi explodéiert an hunn d'Granat ëmmer méi séier weidergedriwwen, Tausendfüssler quoi. Schéisse konnt se op déi Manéier 60 Kilometer wäit, zimlech onprezis. Den 30. Dezember 1944 an der Rundstedt-Offensiv, hu se fir d'Éischt geschoss. Op d'Stad, 43 Kilometer wäit ewech. Déi direkt Loftlinn vun de Granate war dës: Ruwer - Lampaden – Schoden – Mannebach – Ahn – Gouschteng – Schëtter – Birelerhaff – Stad Lëtzebuerg. Vun enger Baach ewech iwwer 2 Flëss, d'appellation contrôlée Mosel-Saar-Ruwer huet do e ganz besonnesche Klang, Kanounendonner.
Hei gëtt et awer näischt ze gesinn, just d'Ruwer an de Bësch. Beem, déi stinn, Beem, déi leien, Getraisch, Hecken, alles nach ouni Blieder, am Fong misst een eppes gesinn. Mä du bass ze wäit gefuer, dréins ëm. A wéi wann de verännerte Bléckwénkel eppes changéiert hätt, gesäis de op eemol eng Schneis am Bësch, déi riets de biergop geet. Du bleifs stoen. Hei louch se da wuel am Hank, d'Kanoun, d'Granatepompel.
183 Mol hate se Richtung Stad geschoss, 44 Mol iergendeppes getraff, 13 Leit ëmbruecht, der 32 blesséiert. Eng Granat war, ausgerechent, an der Rue Goethe ageschloen an eng aner war, de 16. Januar, am Tuerm vun der Kathedral gelant. Militäresch waren déi Granate Blödsinn, d'Amerikaner hu sech gewonnert iwwer déi kleng Dénger, déi do erofgefall sinn, nëmme Kaliber 15 Zentimeter, nëmmen 25 Kilo TNT. Nëmmen en SS-essai-nature, 10 Doudeger. A séier alles ofgebaut, wéi d'Amerikaner méi nokomm sinn, Enn Februar 1945.
An da gëtt et do elo all déi Fotoen, déi's de net maache kanns wéinst dem eidelen Akku. Also: déi Schneis do am Bësch, wéi wann do en décke Rouer de Bierg opgeleeën hätt, e Rouer, deen dunn awer erausgerappt ginn ass a nach just an eng laang Kaul hannerlooss huet. An du gesäis endlech och d'Bëtongsplack um Buedem, do wou de Rouer gestäipt war. An du hues dech ëmgedréit an op eemol gemierkt, datt an der Ruwer hannerun der vill ze vill déck Bléck leien. D'Uwänner sinn do ze vill verstäerkt. Do si Steng a Mauerrechter a Bëtongsstécker an d'Ruwer geheit ginn, déi do normalerweis net wieren. Wat's de net fënns, dat ass de Stollen, d'Minières-Entrée, wou se ganz fréier iergendeppes aus dem Bierg geholl hunn an herno Munitioun a soss Geméch draléien haten. Déi Entrée ass fort, net méi ze gesinn, scho guer net ze fotograféieren, ob Akku voll oder eidel. Vläicht hu se déi Entrée och just verstoppt, hallef zougedeckt, fir datt d'Flantermais eran an eraus kënnen.
Mä Du sees der: dat Lampaden muss ech gesinn. An Du fiers d'Strooss op, Bahnhofstrasse heescht déi. A se ass extrem géi. Dat geet net gutt mam Vëlo, 5 oder 6 Kilometer an der Stonn. An den éischten Auto, deen der entgéingt kënnt, dat ass en Jeep mat Lëtzebuerger Plack, Frontalier oder sou. Du mengs bal, du kéims der selwer entgéingt. An am Duerf hues de dee kuerze Film am Kapp. En amerikanesche Panzer, deen tëschent den Haiser an der enker Gaass steet, en Doudegen, deen do läit, an eng al Fra geet duerch d'Ruinen, si huet eng Mëllechkan an der Hand. Du méchs keng Fotoe vun: enger hallwer Dosen klenger sëlwereger Elefanten op schmuele Péil virun engem Haus, wou et bannendran Thai-Aroma-Massage gëtt, 30 Euro annerhallef Stonn. Keng Foto vun der Plaquette bei der Kierch, déi un déi Doudeg an déi Vermëssten aus den zwee Kricher erënnert. Vun den Haiser, déi guer net ausgesinn, wéi wa se jee huddelafatz bombardéiert gi waren. Kee Bild vun enger Plaquette, un eng Schappdier geneelt, pseudo-amerikanesch Autosplack „CHEVROLET USA Nr.1“ steet do, stars and stripes; näischt vun enger Kapell, do steet eng Madonna, déi biede se hei also och un. Keng Foto och vum Veräinshaus a vum Footballs-Terrain, dee läit hannenaus um Plateau vum Granatebierg. Du mierks, datt s du deem Duerf dat iwwel hëls, wat do ënnen am Hank stoung an iwwer dat Duerf ewech geschoss huet. Déi mussen hei op d'mannst de Kaméidi héieren hunn, wann d'Pompel successiv explodéiert ass. D'Landschaft erënnert sech. Du frees dech, ob et hei nach Leit gëtt, déi sech erënneren. Du sees der, si waren och nëmme Klenger.
Du fiers weider, wëlls eraus aus deem Lampaden. Beim Kierfecht geet e Wee biergof, 15 Prozent steet um Schëld, ob dat huet ee geschoss huet, vill Lächer am Blech. An du fënns de géiste Wee biergop, en Hiwwel erop, laanscht en Zonk, fir d'éischt Strooss, duerno Feldwee, duerno Pad, duerno erëm Feldwee an erëm Strooss. Ronderëm dech trällert et, richteg vill, Léiweckelcher, Lerchen nenne se déi hei, se klammen, sangen méi héich, ëmmer méi héich an da Sturzflug an d'Feld.
En anert Stroosseschëld seet, datt do hannen d'Duerf Paschel ass. Do ass e Lëtzebuerger Buergermeeschter, e fréiere Gendaarm. A sengem Büro hänken zwou Fotoe vu Staats-Cheffen, eng vum Steinmeier an eng vum Heng.
Du kënns esou lues op déi wichtegt Héicht, 501,8 über Normal-Null stoung anzwousch, an Du wëlls onbedéngt op dengem Tacho déi 501 gesinn. An uewenaus, wou's de am Schweess hikënns, gesäis de, wat hei strategesch wichteg war: Panoramavue an all Direktioun: hannenaus am Osten den Hunsrück, ronnt Gebockels, iergendwou am Norden muss Tréier sinn, virun der am Westen den Dall vun der Saar a weider dee vun der Musel, hannert den Hiwwelen. An iwwerall stinn haut Growianen, enorm Wandmille fir Stroum, mat grénge Féiss an der grénger Wiss, wat eng Tarnung. Du erënners dech, hei war s de virun e pur Joer schonn emol eng Kéier. Hei hues de en doudegen Hues fotograféiert, klengt Gedéiesch, um Bord vun der Strooss. An d'Schëld „Vorsicht Eisabwurf“ iwwerrascht dech net. Dat has de deemools och fotograféiert. Südwind heeschen d'Growianen. Et sinn der 14. Am därege Getraisch blénkt op eemol eppes wäiss: Schanken. Du drécks dech duerch d'Dären, déi rappen un denger Vëlos-Jackett. Du bécks dech un hues eppes Onmoosseges an der Hand: grouss Zänn, Widderkäuerzänn, dat ass d'Gebéck vun engem grousse Béischt, e breede Rescht vun engem breede Kapp hänkt drun, keng Foto méiglech, blöden Akku. Wéi kënnt deen Doudekapp hei an d'Heck? An dernieft läit eng eidel Schampesfläsch. Iwwerall op de Felder stinn mobil Jeeër-Hochsitzen. Hei gëtt nach ëmmer vill geschoss.
An Du hues 501 um Tacho.
Dat huet mat der Levis näischt ze dinn.
Wéis de erëm doheem bass, kucks de op denger topographescher Kart a fënns alles erëm, Lampaden, an d'Héicht, wou se gekämpft hunn.
An de Bierg, 34 Grad Gefäll, wou d'V3 derwidder louch.
De Bierg heescht Höllischberg.