An dësem Summer gëtt hefteg gefeiert, datt d'Mënsche viru 50 Joer um Mound gelant sinn. Méiglech war dat och duerch däitsch Rakéite-Fachleit, Nazien, déi den Amerikaner technesch Nohëllef ginn hunn.

Och d'Stad Lëtzebuerg hat an de leschte Krichsdeeg direkt ënner der preisescher Rakéitentechnik ze leiden. Déi gebaut gi war vun engem Mann, deen dëser Deeg an ZDF-Dokumentatioune presentéiert ginn ass.

E manner bekannt Kapitel aus dem Zweete Krich.

AUDIO: Commentaire vum Nico Graf

Mir aner definéieren eis national jo esou gär iwwer den 2. Weltkrich an iwwer de Sport, méi genee de Vëlo-Sport. Wéi wa jidder Lëtzebuerger Coureur, deen anzwousch matkënnt oder leide muss, eng Zort op d'mannst Zwangsrekrutéierte wier, wann net esouguer een aus der Resistenz. Klengt Land, kleng Männer, wann déi eppes Grousses leeschten oder erleiden, da mécht dat si enorm grouss, op d'mannst heiheem.

E Wee, vill iwwer sech an eis gewuer ze ginn, ass e bestëmmte Vëlos-Wee: Dee vun Tréier-Ruwer op Hermeskeil. Et geet monter de biergop, an deem Sënn, datt et Charly-Gaul-onwürdeg ass, nëmme ganz wéineg Gefäll. Et huet een Zäit, fir nozedenken, et brauch ee net ze kämpfen. A wann den 10. Elektrocyclist een iwwerholl huet, dann huet ee sech och dorunner gewinnt.

Dee Vëloswee leit zu 90% um Tracé vun der aler Hochwaldbahn. Dat war eng Eisebunn, déi et nëmme gouf, well hannenaus am Osburger Hochwald, do wou elo eisen nationale Milliardär seng Béck schéisst, ëmmer Holz geschloe ginn ass, a well iergendwellech Äerzer aus dem Buedem gegruewe gi sinn. A well et eng Schongfabrick gouf, d'ROMIKA. Déi jo benannt ass no dräi Männer,  RO llmann, MI chael a KA ufmann, e Nazi-Géigner an zwee Judden, déi hire Betrib vun de Nazie systematesch futti gemaach kruten an déi hu misse fortlafen an e Parteigänger huet hier Fabrick iwwerholl. Och bei eis an der Stad gouf et ROMIKAs-Schong ze kafen, an de 60er Joer.

De Ruwerdall awer mécht, wéi wann e gutt gelaunt wier, mat der Baach, déi plätschert, mat de Wéngerten, mat dem Ausonius, deen a senger Mosella iwwer d'Steemille geschriwwen huet, déi gequiitscht hunn, wann se d'Steng fir déi réimesch Haaptstad Tréier geschnidden hunn.

An da gëtt et no 20 Kilometer Vëloswee dat Duerf Lampaden. Vun do aus ass an de leschten Deeg vum Zweete Krich an d'Stad geschoss ginn. Mat enger ganz spezieller Kanoun: D'V3, déi nom grujelgrousse Virbild V2 genannt gouf. Et sollt bewise ginn, datt se mat där V3-Rakéite-Kanoun ganz weit schéisse konnten, zum Beispill vun der Ruwer bis un d'Uelzecht. Mä am Fong goung et drëm ze beweisen, datt mat Granatendistanzschëss d'Amerikaner kéinte getraff ginn. Oder London. Oder Antwerpen. Oder de Patton an de Bradley, déi allebéid Enn Dezember 1945 an der Stad hire Quartéier haten. Oder wien och ëmmer d'Nazie gemengt hunn, nach treffen ze missen an deem scho verluerene Krich.

D'Kanoun stoung also op e pur honnert Meter vum Vëloswee ewech an datt se do stoung war keen Zoufall. Si hunn e Bierg mat engem gewësse Gefäll gebraucht, fir déi schwéier Kanoun a si hunn eng Eisebunn gebraucht, fir nuets Stol a Bëtong a Granaten op d'Plaz ze bréngen. A séier erëm fortzebréngen, wéi d'Amerikaner ëmmer méi no komm sinn.

Technesch alles ganz interessant. Mä, wéi sot eng Frëndin mer: ech interesséiere mech net fir déi praktesch Detailer, ech froe mech, wat fir krank Gehirer sech esou eppes ausdenken, wien waren déi Täter? A wien waren d'Affer?

Eng Äntwert emol schonn dës: Den SS-Obergruppenführer a Generol vun der Waffen-SS Hans Kammler huet d'Kanoun baue gelooss. Wéi hien als Sonderkommissar für die technische Kriegsführung iwwerhaapt responsabel war, fir all déi V-Programmer vun den Nazien. Hien huet déi ënnerierdesch Fabricke baue gelooss, wou d' V2 vun Zwangsaarbechter produzéiert ginn ass a wou der Dausende vun hinne gestuerwe sinn. An hien huet och Auschwitz gebaut. An en huet e pur Woche virum Krichsenn, am Mäerz 1945, am Sauerland 208 russesch Zwangsaarbechter, dorënner zwee Kanner erschéisse gelooss.

E grousse Massemäerder.

An et gëtt spekuléiert a vläicht esouguer bewisen, dëser Deeg am ZDF, datt hie sech an de leschte Krichsdeeg iwwerhaapt net suicidéiert huet an datt d'Amerikaner hie gepëtzt an exploitéiert hunn, fir hir Rakéiteprogrammer. Mat Leit wéi dem Wernher von Braun, déi dëser Deeg gefeiert ginn.

De Kammler war en Organisateur. Et muss der ginn hunn, déi geschëppt a geschoss hunn.

Wat d'Affer ubelaangt, weess ech elo schonn: an der Stad gouf et Doudeger, eng 12, a Blesséierter, eng 30. Ech siche nach no Nimm, weess bis ewell een: d'Jeanny Pauly, 16 Joer jonk. D'Doudebildchen vum Meedchen ass am Musée zu Dikrech ausgestallt an och eng Maquette vun der V3. Granate sinn iwwregens beim Lassner am Dach an am Tuerm vun der Kathedral ageschloen.

Zeréck op de Vëlos-Wee: wann een do laang genuch de biergop fiert, da kënnt uewenaus Hinzert ëmmer méi no.