
De Jochen Pützenbacher ass den 9. Mäerz 1939 zu Solingen an Däitschland op d’Welt komm. 1970 koum de Coiffeursmeeschter a Maquilleur bei den RTL.
Séier gouf säin Talent erkannt an deen deemolege Programmdirekter Frank Elstner hat de beléiften Animateur 3 Joer drop zum Entertainement-Chef gemaach.

Seng Emissioun “Zwölf Uhr mittags” a säi Reesquiz “Ein Tag wie kein anderer” ware mat déi bekanntste Sendungen op RTL.
30 Joer hat hien hannert dem Mikro säi Bescht ginn a wousst och virun der Kamera an op der Bühn ze brilléieren.
Seng Stëmm a seng Manéier ware méi wéi beléift a seng positiv Ausstralung mat enger Portioun Humor, Geloossenheet a Wëssen huet den Nolauschterer ëmmer nees gefall.
Zoufälleg wier hie bei de Radio komm, ni wier dat säi Wonsch gewiescht, an deem Beruff ze schaffen. Mä wéi e Blutt geleckt hat, koum en net méi dovunner lass.

Am Joer 1986 krut de Jochen Pützenbacher fir seng Déngschter bei RTL Lëtzebuerg den Ordre de Mérite.
Wéi hien 1996 an d’Pensioun gaange war, hat hien du jonk Kollegen gecoacht an deene bäibruecht, wéi ee Radio mécht. Dat wier fir hien e Risespaass gewiescht.
''Radio mécht ee mam Häerz!’' dat war dem Jochen Pützenbacher seng Devise.