Hie gëtt fir säi Roman "I.L.E." ausgezeechent. Bei deene jonken Auteuren huet den Antoine Pohu mat "La Quête" gewonnen.

Den nationale Literaturconcours war 2019 reservéiert fir Romaner.

Um Méindeg goufen d'Gewënner verëffentlecht. De Jury war zesummegesat aus dem President Jérôme Jaminet, mat de Memberen Fabienne Gilbertz, Ludivine Jehin, Marcel Kieffer a Jay Schiltz.

An der Kategorie Erwuessener geet deen 1. Präis 2019 un de Samuel Hamen mam Roman "I.L.E." Deen 2. Präis ass fir d'Olivia Katrandjian mat "The Ghost Soldier" an deen 3. Präis ass fir d'Anja Di Bartolomeo mam Roman "Wundholz".

An der Kategorie Jonker tëscht 15 a 25 Joer gëtt den Antoine Pohu mat "La Quête" ausgezeechent.

De 4. Dezember ginn d'Präisser am Literaturzenter zu Miersch iwwerreecht.

Schreiwes vum Kulturministère

Résultats du Concours littéraire national 2019

Communiqué par: ministère de la Culture Le ministère de la Culture fait savoir que le jury du Concours littéraire national 2019, composé de Jérôme Jaminet (président) de Fabienne Gilbertz, de Ludivine Jehin, de Marcel Kieffer et de Jay Schiltz, vient de primer les romans suivants:

• I.L.E. de Samuel Hamen, 1er prix de la catégorie «auteurs adultes»;
• The Ghost Soldier de Olivia Katrandjian, 2e prix de la catégorie «auteurs adultes»;
• Wundholz de Anja Di Bartolomeo, 3e prix de la catégorie «auteurs adultes»;
• La Quête de Antoine Pohu, 1er prix de la catégorie «jeunes auteurs de 15-25 ans».

Les premiers prix ont été motivés par le jury comme suit:

• 1er prix de la catégorie «auteurs adultes»: I.L.E. de Samuel Hamen (langue: luxembourgeois)
„An enger souveräner a kreativer Sprooch stréckt den Auteur e raffinéierte Plot, an deem hie géigewaartsrelevant Themen (Ekologie, Gentechnik, Desinformatioun a Manipulatioun) opgräift. Dobäi ginn Elementer vum Kriminalroman an der dystopescher Literatur verknëppt a vun zum Deel skurrillen an zwiilichtege Personnagë gedroen. Fir de Jury ergëtt dëst an der Zomm e gläichermoossen ënnerhalsamen a literaresch usprochsvolle Roman."
• 1er prix de la catégorie «jeunes auteurs de 15-25 ans»: La Quête de Antoine Pohu (langue: français)
„Den Auteur vu La Quête beweist eng grouss stilistesch Maturitéit. Hien erzielt fléissend, uspillungsräich a mat grousser Intensitéit eng duebel Initiatiounsgeschicht vun engem Schrëftsteller op der leideger Sich no Inspiratioun a vun zwee Weesekanner op enger onwahrscheinlecher Odyssee zu sech selwer. "

La remise officielle des prix du Concours littéraire national 2019 aura lieu le mercredi 4 décembre 2019 à 19 h 30 au Centre national de littérature à Mersch (2, rue Emmanuel Servais; L-7565 Mersch).

Depuis 1978, le ministère de la Culture organise le Concours littéraire national afin d'encourager la création littéraire au Grand-Duché de Luxembourg. Chaque année, le Concours est réservé à un genre littéraire différent. L'édition 2019 portait sur le roman.