Hien gëllt international als grousst Talent. Bekannt Komponiste schreiwe Wierker fir hien. Sou och de Georg Friedrich Haas. “Konzert für Klangwerk und Orchester” heescht d’Wierk vum Haas.
Et gouf e Freideg Owend an der Philharmonie ur-opgefouert. An d’Haaptinstrument war nawell e ganz speziellt, nämlech eng sougenannte “Klangwand”.