Liddernomëtteg fir Mënsche mat an ouni Demenz
D'MIL Asbl organiséiert Kultur-Projeten, déi fir Mënsche mat Demenz ugepasst sinn a se deementspriechend richteg encadréieren.
Dëse Weekend konnt een am CAPE zu Ettelbréck e Lidder-Nomëtteg verbréngen, bei deem Mënsche mat an ouni Demenz zesumme mat hire Familljen schéi Momenter erliewe konnten.
Ënnert dem Titel “Kanner o Kanner, o quel Bonheur” huet sech d’MIL asbl mam Komponist a Sänger Georges Urwald zesummegedoen, an e Gesangsspektakel fir eeler Leit mat Demenz organiséiert.
De Projet gouf am Oktober 2019 am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng lancéiert. D‘Pensionnairë vum Fleegeheem goufen no hire Liiblingslidder gefrot, déi dann am Festsall op enger Bün virgesonge goufen.
Bekannt Lëtzebuerger Lidder vum Poutty Stein, Dicks a Lentz, mä awer och international Klassiker stoungen um Programm, a hunn de Public begeeschtert matgerappt. Grad dann, wann d'Fiedem zu Raum an Zäit lues a lues räissen, ka Musek a virun allem d’Freed un der Konscht nees Brécke bauen.
Mënsche mat Demenz sollen en Deel vun der Gesellschaft bleiwen an net einfach hannert de Mauere vun hiren Haiser an duerno hannert de Mauere vun de Fleegeheemer verschwannen. De Bilan vun de Kulturprojete Mënschen mat Demenz ass ganz positiv.
Den 17. an 18. Oktober ginn am “Aalt Stadhaus” zu Déifferdeng weider ëffentlech Virstellungen organiséiert.