Fréier war alles besser. Zum Beispill am Februar, wéi mer nach schaffe gaange sinn, an de Restaurant oder an de Kino.

Wann dat engem awer ze rezent ass, kann een eng Zäitrees an déi richteg gutt al Zäit maachen. Et brauch ee just eng Internetleitung...

1896. Den neie Chef vun der Police vu New York, Teddy Roosevelt, stellt den Dr. Laszlo Kreizler un, eng Serie vu bestialesche Morden opzeklären.

Den Dr. Kreizler ass e Spezialist an der Psychologie, déi deemools nach an de Kannerschong stoung. Hien a säi gudde Frënd John Moore, en Zeitungsillustrator aus räichem Haus, d’Police-Sekretärin Sara Howard an d'Detektiven Marcus an Lucius Isaacson schaffen zesumme fir de Seriëkiller ze fannen, andeems se nei Methoden an Techniken, wéi Fotografie, Psychologie a forensesch Medezin, benotzen.

Dobäi musse se sech ëmmer erëm duerchsetze géint déi al Garde an der Police an an der Politik, déi näischt mat deem moderne Gedeessems um Hutt hunn.

Kostümer an Dekore sinn opwendeg gemaach, d’Sich nom Killer spannend a plazeweis richteg Onheemlech, wann net esouguer Grujeleg. Virun allem gëtt awer och eng Gesellschaft gewisenn déi am Ëmbroch ass, wou Fraen ëm hiert Walrecht kämpfen, Immigranten a Flüchtlingen an der neier Welt hiert Gléck sichen, iwwerdeems déi, déi vum System profitéieren, sech mat Hänn a Féiss géint dës Verännerung wieren.

Déi éischt Staffel ass op Netflix ze gesinn.

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"