Trotz Virus-Kris war e Méindeg nees déi traditionell Pirminusfeier op der Përmesknupp tëscht Bidscht a Kauneref.

Am komplette Respekt vun de sanitäre Bestëmmunge konnt d'Mass ënner fräiem Himmel bei schéinstem Summerwieder gehale ginn.

Iwwer honnert Leit ware present. Dem Hl. Pirmin zu Éieren ass dës Kapell aus der Mëtt vum 17. Joerhonnert opgeriicht ginn. Ënnen am Dall leeft och eng Quell mat Heelwaasser. De Site ass geschützt. An de leschte Joer goufen archeologesch Ausgruewunge gemaach, well hei en ale Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert stoung an och eng Réimerstrooss op dëser Plaz verlaf ass.

Den Naturpark Uewersauer huet och an dësem Kader en Dréchemauer-Projet realiséiert.

Päischtméindeg: De Film, an e Gedicht

Päischtméindeg, de Film
D'Amis de Saint Pirmin Kaundorf hunn e Gedicht an e Film zu dësem Dag erausbruecht.