
En ass mat 10.000€ dotéiert. An der Begrënnung heescht et, de Guy Helminger hätt e villfältegt Wierk op Lëtzebuergesch an Däitsch virgeluecht, dat duerch e breede Genre an eng onverkennbar stylistesch Prägnanz géif bestiechen.
De mat 4.000 Euro dotéierte Gustav-Regler-Förderpräis geet och un e Lëtzebuerger, dat a Persoun vum Bernd Marcel Gonner. Hie gëtt fir säi Wierk “Transitverkehr” ausgezeechent.