Am TNLTheater "Parterre" vum Michel Clees

RTL Lëtzebuerg
Ofsoen, verleeën, ofsoen, verleeën – et war d’Reegel ginn an den Theateren.
Theater "Parterre" vum Michel Clees
Ofsoen, verleeën, ofsoen, verleeën – et war d’Reegel ginn an den Theateren.

Produktiounen, déi quasi prett ware fir op d’Bün, hu mussen an d’Zwangspaus ouni ze wëssen, wéini se kéinte gespillt ginn. Eng Erausfuerderung fir Schauspiller a Regisseuren, mä och fir d’Auteuren, déi net wëssen, ob d’Thema iwwerhaapt nach aktuell ass. D’Christiane Kremer war an den TNL, wou dem Michel Clees säi Stéck “Parterre” grad opgefouert gëtt. Parterre spillt, wéi den Titel et seet, an enger Parterre-Wunneng, wou dräi ganz ënnerschiddlech Mënschen aus ganz verschiddene Milieuen an enger WG zesummeliewen, net ganz fräiwëlleg. D’Logements-Situatioun an d’Wunnengsnout hunn de Michel Clees dozou inspiréiert.

Eng engagéiert Studentin, e liicht naive Fonctionnaire an e syresche Flüchtling deele sech d’Wunneng an erliewe Situatiounen an Amenter ënnert engem Daach, déi hinne weisen, wéi vill se trennt, wéi friem se sech sinn an och erëm net.

D’Wunneng stellt am klengen dat net ëmmer einfacht Zesummeliewen an der Gesellschaft duer a stellt d’Fro vun Alternativen an Ëmdenken. Déi fënnt den Auteur virun allem bei der jonker Generatioun.

D’Stéck no sou laanger Zäit endlech kënnen ze gesinn, ass fir de Michel Clees schonn e besonnescht Gefill. Ob dat em elo Loscht mécht, nees weider ze schreiwen, weess en awer net.

D’Experienz “Auteur a Résidence” an der leschter Saison huet him, trotz Lockdown, op alle Fall Freed gemaach.

Back to Top
CIM LOGO