Mat hirem Opruff, faarweg Quadrater ze strécken, wollt d’ASBL Mamie et Moi déi verschidde Generatiounen dozou bréngen, zesummen eppes op d'Been ze stellen.

7 Méint ass et hier, dass d’ASBL Mamie et Moi den Opruff gemaach huet, sech un d’Strécknolen ze setzen. "Collectif au carré" nenne se hiren intergenerationelle Projet. D’Zil: Zesummen eng XXL Versioun vum Lëtzebuerger Moler Corneille Lentz sengem Bild "La petite histoire" nozebilden an zwar mat klenge gestréckte Quadrater vu 5 op 5cm.

5.000 Quadrater wollte se zesummekréien, fir genuch Auswiel bei de Faarwen ze hunn. Schlussendlech sinn 30.000 Quadrater vu méi wéi 500 Mënsche vu 17 verschidden Nationalitéiten zesummekomm. Zanter leschtem Freideg kann een dat 1 Meter 50 op 2 Meter grousst Wierk am Lëtzebuerg City Museum bewonneren.