E Mëttwoch de Moien goufen d‘Nominatiounen fir de Lëtzebuerger Filmpräis presentéiert.

D‘Lëtzebuerger Serie Capitani, déi och op RTL gelaf ass an aktuell op Netflix erëmzefannen ass, gouf direkt fënnef mol fir de Lëtzebuerger Filmpräis nominéiert. Dorënner zwee mol fir bescht männlech Roll, ee mol fir bescht weiblech Roll, an déi bescht TV- a Medieproduktioun.

Nieft dem "Superjhemp retörns", dee fir dee beschte Lëtzebuerger Spill- oder Animatiounsfilm nominéiert ass, ass och de beléiften Animatiounsfilm Wolfwalkers an d'Saison 2 vun der Serie "Band Banks" direkt e puer mol op de Lëschte vertrueden.

Lëtzebuerger Filmpräis 2021 / Rep. Tim Morizet

Do dernieft ginn et nei Kategorien, ewéi de Präis fir déi bescht erweidert Realitéit, erkläert de Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong. Och den ALPC, e Präis dee vun der Associatioun vun de Journalisten decidéiert gëtt, ass nei.

"Also Filmfong ënnerstëtze mir schonn zanter e puer Joer déi virtuell Realitéit. Mir schaffen do och scho mat eise Kolleege vun Neimënster wou mer dann och am Kader vum Filmfestival Ausstellungen hunn."

A véier Woche gëtt de Präis iwwerreecht. Dann ass et den éischte Lëtzebuerger Filmpräis zanter dräi Joer – den 9ten ass senger Geschicht.

Nodeems d'Editioun 2020 wéinst der sanitärer Kris verluecht gi war, ass et dëst Joer Rendezvous de 26. November mat 800 Gäscht am Groussen Theater an der Stad.

Organiséiert ass d‘Evenement vum Lëtzebuerger Filmfong. D‘Nominatiounen an d‘Gewënner gi vun der Lëtzebuerger Filmakademie erausgesicht. Dat ass relativ nei. Eréischt zanter dësem Joer gëtt am „2-Tier“ System verfuer, esou de Yann Tonnar, President vun der Akademie.

"Dat heescht all déi Filmer déi ageschriwwe ginn an och eligibel sinn déi ginn an en éischte „Tour de vote“. Dat ass am Fong de Fonctionnement vun allen Akademien an Europa et ass och de Fonctionnement vun den Oskaren, datt een déi 2 Tier huet."

Ëmmer méi Produktiounen, ëmmer méi Kategorie komme bei de Filmpräis dobäi, esou de Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong.

"Esou, datt de Sënn an Zweck vum Filmpräis nach ëmmer deen nämmlechten ass. Dat heescht d‘Excellenze vum Lëtzebuerger Kino ervir ze sträichen. Mir hunn iwwert déi lëscht Joren och ëmmer méi Kategorië bäikritt. Mir hu mat enger hallwer Dosen ugefaangen. Elo sinn et der vill méi."

81 Produktioune waren dëst Joer eligibel. Nominéiert sinn insgesamt 40 Produktiounen a 14 Kategorien.

RTL

D‘Präisiwwerreechung gëtt dëst Joer, de 26. November, och fir déi éischte Kéier live gestreamt. Dat op RTL.lu an iwwert den neie Site vum Filmpräis.

Nominéiert si fir:

Prix du meilleur long-métrage luxembourgeois de fiction ou d’animation

- Escapada vum Sarah Hirtt

- Hytte vum Jean-Louis Schuller

- Peitruss vum Max Jacoby

- Sawah vum Adolf El Assal

- Superjhemp retörns vum Félix Koch

Prix du meilleur film long-métrage de fiction ou documentaire en coproduction

- Bad Luck Banging or Loony Porn vum Radu Jude

- Collective vum Alexander Nanau

- Deux vum Filippo Meneghetti

- Jumbo vum Zoé Wittock

- Tel Aviv on Fire vum Sameh Zoabi

Prix du meilleur film long-métrage d’animation en coproduction

- Les Hirondelles de Kaboul vum Eléa Gobbé-Mévellec & Zabou Breitman

- Pachamama vum Juan Antin

- Wolfwalkers vum Tomm Moore & Ross Stewart

Prix du meilleur film court-métrage de fiction ou documentaire

- If We Smarten Up vum Larisa Faber

- Lupus vum Laurent Prim

- Portraitiste vum Cyrus Neshvad

- Touch me vum Eileen Byrne

- Vis-à-Vis vum Émile V. Schlesser

Prix du meilleur film court-métrage animation

- Abigail vum Nicolas Debray

- Mania vum Ugur Darya Eroglu

- Seed of Hope vum Claude Kongs

Prix du meilleur long métrage documentaire

- An Zéro – Comment le Luxembourg a disparu vum Myriam T. & Julien Becker

- California Dreaming vum Fabrizio Maltese

- Histoire(s) de Femme(s) vum Anne Schroeder

- River Tales vum Julie Schroell

- The living witness vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron

- Zero Impunity vum Stéphane Hueber-Blies & Nicolas Blies

Prix de la meilleure production TV et nouveaux médias de fiction ou documentaire

- Bad Banks – Saison 2 vum Christian Zübert

- Capitani vum Christophe Wagner & Thierry Faber

- Ex Aequo! vum Lucia Valverde, et. all.

- routwäissgro – Saison 3 vum Loïc Tanson, Jacques Molitor, et. all.

- What We Talk About When We Talk About Sex vum Catherine Dauphin

Prix de la meilleure production TV et nouveaux médias d'animation

- Barababor vum Laurent Witz

- Fox & Hare vum Mascha Halberstad & Tom van Gestel

- Nächst Statioun vum Sarah Sutter a Frédéric Wedeux

Prix de la meilleure interprétation féminine

- Fabienne Hollwege an An Zéro

- Larisa Faber an Angelo

- Désirée Nosbusch an Bad banks – Saison 2

- Sophie Mousel an Capitani

- Magaly Teixeira an Coyotes

Prix de la meilleure interprétation masculine

- Luc Schilz an Capitani

- Jules Werner an Capitani

- Jérôme Varanfrain an Deux

- Nilton Martins an Sawah

- André Jung an De Superjhemp retörns

Prix de la meilleure contribution créative dans un long-métrage de fiction ou documentaire

- Thierry Faber, Eric Lamhène, Christophe Wagner – Kategorie Scenaria fir Capitani

- Jean Louis Schuller – Kategorie Image fir Hytte

- Nikos Welter – Kategorie Images fir Sawah

- Adolf El Assal – Kategorie Scénario fir Sawah

- Amandine Klee – Kategorie Image fir Skin Walker

Prix de la meilleure contribution créative dans un film long-métrage d’animation

- Stéphane Lecocq – Kategorie Décor fir Ooops! Finny wou bass de?

- Julien Silvestre Da Conceicao – Kategroie Composition fir Ooops! Finny wou bass de?

- Michel Pisson – Kategorie Décor fir Pachamama

- Nicolas Debray, Gilles Rudziak et équipe – Kategorie Animation fir Wolfwalkers

- Pascal Gérard et équipe – Kategorie Décor fir Wolfwalkers

Prix de la meilleure musique

- Kyan Bayani fir Bad Banks – Saison 2

- Emre Sevindik fir California Dreaming

- Ivan Boumans fir Hytte

- Eric Bintz fir Sawah

- André Dziezuk fir Tel Aviv on Fire

Prix de la meilleure oeuvre XR*

- 7 Lives vum Jan Kounen

- Ayahuasca vum Jan Kounen

- Cosmos Within Us vum Tupac Martir

- My Identity Is This Expanse! vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron

- Under the skin vum João Inada

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Lëtzebuerger Filmpräis: la 9e édition est lancée et les nominations connues! (27.10.2021)

Communiqué par : Fonds national de soutien à la production audiovisuelle / d'Filmakademie

Guy Daleiden, directeur du Film Fund Luxembourg, et Yann Tonnar, président de l'Académie du film luxembourgeois (d'Filmakademie), ont officiellement lancé la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis dont la remise des prix aura lieu le vendredi 26 novembre 2021, pour la 3e fois au Grand Théâtre de la Ville de Luxembourg. La cérémonie sera retransmise pour la 1re fois en direct pour le public sur plusieurs plateformes dont rtl.lu.

Pour cette édition 2021, l'Académie en charge de l'organisation du vote, a introduit plusieurs nouveautés majeures, parmi lesquelles l'introduction du vote à 2 tours et de nouvelles catégories de prix à savoir:

• Le prix de la meilleure musique

• Le prix de la meilleure interprétation, introduit lors de la précédente édition, est désormais scindé en deux, et devient le prix de la meilleure interprétation féminine et le prix de la meilleure interprétation masculine.

Avec le vote à deux tours, l'Académie se met au diapason des autres académies européennes de cinéma. Cette année, ce sont ses 400 membres qui votent dès le premier tour parmi les productions éligibles. Ce premier tour de vote détermine dorénavant les nominations dans les différentes catégories de prix.
Après le 1er tour de vote clos le 15 octobre dernier, les membres de l'Académie sont maintenant amenés à voter jusqu'au 19 novembre minuit pour le second tour afin de déterminer le lauréat dans chacune des 13 catégories.
Les résultats seront annoncés le 26 novembre lors de la remise des trophées créés en 2003 par l'artiste luxembourgeoise Patricia Lippert.

Outre les nouveaux prix soumis aux votes des membres, un prix sera décerné à la meilleure œuvre XR (extended reality) par un jury ad hoc composé de 3 professionnels internationaux et un prix spécial sera attribué par l'Association luxembourgeoise de la presse cinématographique.

Pour découvrir toutes les nominations et les prix, rendez-vous sur le nouveau site internet www.filmprais.lu.
Les partenaires principaux de cette 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis sont: le ministère de la Culture, la Ville de Luxembourg et le Grand Théâtre, la Chambre de commerce, Post Luxembourg, Immo Luxembourg, Cargolux, Santé Services.