Et wier en Affront, mam Fanger op eng Gemeng ze weisen, ouni sech präzis ze informéieren, seet e rosene Buergermeeschter vu Wäiswampech.

Domat reagéiert den Henri Rinnen op d’Kritik vum President vun der Denkmalschutzfederatioun de Paul Ewen. Dësen hat als RTL-Invité vun der Redaktioun gesot, datt Gemenge géingen Tabula Rasa mat hirem Passé maachen an als Beispill och Beeler genannt, wat urbanistesch zerstéiert gi wier.

Reaktioun Henri Rinnen Denkmalschutz / Reportage Diana Hoffmann

Op en éischte Bléck gesäit een, datt sech zu Wäiswampech eppes deet. Wann een op der N7 an d’Duerf aus Richtung Süden erafiert, gi lénker Hand e puer grouss Appartementsbléck gebaut. "Vun ëm 1.000 Awunner am Joer 2000 si mer elo op 2.200 gewuess", betount de Buergermeeschter. Et géing ee Wunnraum schafen an direkt dobäi Aarbechtsplazen. Där géingen et der den Ament 4.800 an der Gemeng ginn.

De Virworf de Patrimoine géing muttwëlleg zerstéiert ginn, léisst hien net gëllen. Viru sech um Dësch huet den Henri Rinnen en Dossier vum Service des Sites et Monuments leien. Hien zielt duerch, wéi vill Gebaier de Service proposéiert ze klasséieren a kënnt op eng knapp 80.

"Wa mer der dovun eng 15 zréckbehale kréien, si mer gutt", mengt hien. Et hätt een déi betraffe Proprietären informéiert. Net jiddereen hätt awer d'Nouvelle positiv opgeholl a schonn en Affekot ageschalt. De Buergermeeschter kann dat verstoen, well d'Decisioun wier net ëmmer nozevollzéien. Suerge géing de Proprietären ënner anerem maachen, datt klasséiert Haiser zum Beispill méi strengen Oplage bei Renovatiounen an Ëmbauaarbechten ënnerleien. Dofir sinn awer Subsiden an technesch Hëllefen eligibel. Bei grousse massiven Haiser wieren d'Leit dogéint awer dacks d’accord, datt se klasséiert ginn.

De Paul Ewen huet an der RTL-Emissioun dann och méi präzis vu Beeler geschwat, dat urbanistesch gesinn total zerstéiert gi wier. Am Duerfkär zu Beeler, bal vis a vis vun der Kierch, fënnt sech e grousse wäisse Komplex. Den zukünftege Centre Culturel mat och Bürosgebaier wierkt fir Frënn vun ale Steng méiglecherweis e bëssi wéi bäigeprafft. De Buergermeeschter erkläert awer, datt viru Joren nom Brand an enger Fabrick op dëser Plaz, dat aalt Gebai net méi erhale konnt ginn. De Grond, datt sech fir e Kulturzenter decidéiert ginn ass, wier, datt sollt eng Plaz gebuede ginn, wou d'Leit kënnen zesummekommen, ënnersträicht den Henri Rinnen.

Iwwerall an der Gemeng gesäit ee gréisser Appartementsbléck. Neier, wéi vis-à-vis vum Gemengenhaus zu Wäiswampech oder awer och der di a Konstruktioun sinn. Iwwer eng wëll Bau-Politik beschwéiert sech och de President vun der Biergerinitiativ Wäiswampech, de Pol Holweck, dee selwer Architekt ass. Besonnesch laanscht d'N7 géingen extrem vill Appartementsbléck vu Promoteure gebaut ginn, bei deenen et nëmmen ëm Benefice géing goen, mengt hien.

Wisou esou eng staark Kritik vu ville Säite kënnt, versteet de Buergermeeschter net. Et géing schliisslech heeschen, Lëtzebuerg hätt e Wunnengsproblem. A mat de Projeten, déi am Ament envisagéiert ginn, kéint d’Gemeng iwwer di nächst Joren nach ouni Problem bis op 3.000 Awunner wuessen. Och nëmme wann een eng bestëmmten Unzuel un Awunner hätt, géinge verschidde Servicer vu Kiné iwwer Centres médicalë gebuede kënne ginn. Déi Appartementer, déi am Agang vun der Uertschaft gebaut ginn, wiere schonn alleguerte verkaaft. De Paul Ewen vun der Denkmalschutzfederatioun invitéiert hien dann emol op Wäiswampech, fir bis laanscht kucken ze kommen.