Kultur Last MinuteExpo am Carré, Kasemattentheater, Rotondes, Metzeschmelz, EKINOX

Patricia Baum
E puer kulturell Rendezvouse fir déi nächst Deeg.

Beyond my eyes. In search of identity - Carré Hollerech (bis den 27. Mäerz)

Am Carré zu Hollerech kritt een den Ament nach mat der Ausstellung “Beyond my eyes. In search of identity” Wierker vun 24 Artisten ze gesinn. D’Iddi vun der Ausstellung ass et Thema an d’Froe ronderëm d’Identitéit mat der Konscht ze traitéieren. All eenzelen Artiste bréngt hei seng eegen Handschrëft, säi Stil a seng Kreativitéit mat. D’Medien, déi an der Ausstellung ze gesi sinn, si breet gefächert a gi vun der Zeechnung, Skulptur, Molerei bis hin zur Fotografie an Installatioun. Dobäi kënnt, datt 10 Artisten en Dialog mat 10 jonken Talenter gesicht hunn an dat gesäit een dann och an de ganz perséinleche Wierker, déi dobäi entstane sinn.

D’Theemen, déi an der Ausstellung zur Geltung kommen, si Reflexiounen iwwert seng eegen Identitéit, dem Individuum seng Plaz an der Gesellschaft, d’Transformatioun an d’Experimentatioun ronderëm de mënschleche Kierper a villes méi. D’Theema vun der Identitéit kann op vill verschidde Manéiere verschafft ginn an all déi eenzel Vuen op dat Theema kann een nach bis den 27. Mäerz an de Carré zu Hollerech kucke goen.

De 25 & 26 Mäerz ass d’Ausstellung vun 15:00 bis 20:00 Auer op an de Finissage de 27. Mäerz ass vun 14:00 bis 18:00 Auer.

Déi 24 Artisten, déi dobäi sinn:

Martine Pinnel, Jeannine Unsen, Ilona Gommes, Carmen Cavaco, Diane Linden, Bob Nosbusch, Jill Michels, Jeff Poitiers, Mik Muhlen, Danay Haile, Martine Breuer, Séverine Peiffer, Esther Herr, Eric Antoine, Pit Molling, Tammy Bonenberger, Angi Perl, Saskia Becker, Mina Isabelle Lloyd, Hannah mat H hannen, Milena Grümmer, Lukas Held, Ben Friden Lisa Folschette

Dein ist mein Herz, Du Gans - Kasemattentheater (den 25. Mäerz)

Zënter 7 Joer stinn den Duo Borisowitsch & Jang schonn zesummen op der Bün an dëst ass hire 6. Programm mam Titel “Das ist mein Herz, Du Gans”. Si ginn och gären als “enfants terribles” vum klassesche Gesang bezeechent. Seriö Concerte spillen ass beim Duo nämlech net Programm. Si si bekannt fir hiren absurden Humor an onkonventionell Requisiten. Gespillt gi Lidder vun ënner anerem dem Franz Schubert, Richard Strauss a Gustav Mahler mam Zil: “dass die Liedkunst nicht zum elitären Kunstlied wird”. D’Thema vum Owend ass et, déi verschidden Occasiounen ze beliichten, déi zu engem “Liebeslied” féieren.

De 25. Mäerz kann een “Dein ist mein Herz, Du Gans” an de Kasemattentheater kucke goen.

Musek a Spill: Denis Ivanov an Jean Bermes
Regie: Ela Baumann
Visuals: Krischan Kriesten

EKINOX - Rëmeleng (26. Mäerz)

EKINOX ass e Projet, am Kader vun Esch 2022, vum Theater NEST (Centre Dramatique National transfrontalier) vun Thionville. Bei EKINOX dréint sech alles ëm Dreem an de Schlof. Eppes wat all Mënsch op dëser Welt gemeinsam huet ass de Schlof, dee mir brauchen, fir ze iwwerliewen. Woubäi Dreem ganz individuell sinn an déi vu ganz villen Erliefnisser beaflosst ginn. Den Alexandre Tobelain huet sech dobäi nach mat der Fro vun den zwee Liewe beschäftegt an dofir d’Beispill vum Frontalier geholl: Deen am Dag zu Lëtzebuerg schafft an d’Nuecht doheem a Frankräich verbréngt. EKINOX ass en Event dat op zwee verschidden Deeg leeft, déi éischte Kéier den 26. Mäerz op der Lëtzebuerger Säit, zu Rëmeleng an den 24. September zu Aumetz a Frankräich. Dëst sinn zwee Datumen, wou den Dag an d’Nuecht d’selwecht laang sinn.

Um Programm vun EKINOX sti Konferenzen, Spektakelen, Expoen, Performancen a villes méi. Rëmeleng wäert sech deen Dag vun 14:00 bis 20:00 Auer an en Theater ënner fräiem Himmel verwandelen.

XPO E - Rotondes (25. Mäerz - 14. Abrëll)

Talenter vu muer stellen an de Rotonden aus mat “XPO E”. Dëst ass eng Expo vun de Schüler vun der Sektioun E. Fir vill Schüler ass et déi éischte Kéier, datt si ausserhalb vun der Schoul hir Kreatioune weisen. A gläichzäiteg ass et eng gutt Geleeënheet ze weisen, wat een op dëser Sektioun léiert an dat an de verschiddene Beräicher, wéi Konschtgeschicht, Zeechnen an Design. D’Ausstellung vun de Schüler ass mëttlerweil zu engem feste Rendezvous am Kalenner vun de Rotonde ginn.

De Vernissage vun der “XPO E” ass de 25. Mäerz.

© Rotondes

D’Lyceeën, déi matmaachen:

Atert-Lycée Redange
Athénée de Luxembourg
École Privée Fieldgen
Lycée Aline Mayrisch
Lycée Classique d’Echternach
Lycée Classique de Diekirch
Lycée de Garçons d’Esch-sur-Alzette
Lycée de Garçons de Luxembourg
Lycée Michel-Rodange

Metzeschmelz CUEVA 2022 - Esch/Schëffleng (27.Mäerz)

© Emile Hengen

De Kënschtler Kollektiv CUEVA huet et sech déi lescht Joren zur Aufgab gemaach, verloosse Plazen ze rekrutéieren, fir op eng begrenzten Zäit eng grouss Unzuel un Artisten auszestellen. Och dëst Joer hu si nees eng besonnesch Plaz am Minett fonnt an zwar um alen Arbed Site Esch/Schëffleng, och fréier Metzeschmelz genannt. D’Iddi ass et awer och niewent der Expo eng Variatioun u Programm unzebidden: Concerten, Happenings a Projektiounen. Am Summer wäerten dann och déi eng oder aner Nocturnen dobäi kommen.

D’Ouverture vun der grousser CUEVA Ausstellung ass de 27. Mäerz vun 10:00 bis 20:00 Auer. All d’Informatioune fënnt een um Facebook Site:

null

Back to Top
CIM LOGO