De Kulturministère huet sech ewell dofir ausgeschwat, de Site ze schützen. De Gemengerot wäert viraussiichtlech an der nächster Sitzung ugangs Mee säi positiven Avis ginn.
Ofgewaart gouf nach eng Informatiounsversammlung, bei där gutt 150 Bierger d’Decouverte virgestallt kruten, grad wéi méiglech Aart a Weisen, fir se en Valeur ze setzen. Kee vun de Leit am Sall huet sech géint d’Erhale vum historesche Site ausgeschwat - och wann eng Rei Awunner sech froen iwwert d’Finanzéierung gestallt hunn.
De Staat géing op alle Fall seng Responsabilitéit iwwerhuelen an en Deel vun de Käschten iwwerhuelen, esou d’Kulturministesch Sam Tanson. Dofir misst een awer méi genee wëssen, wéi de Projet soll ausgesinn - an den nächste Méint gëtt elo en neie Projet fir de Site vun der Petite Marquise ausgeschafft.
D’Experten, déi d’Gemeng an de Ministère beroden, hunn ervirgestrach, datt et sech ëm eng ganz aussergewéinlech Decouverte géing handelen. Si hu sech fir e sougenannte “Schutzbau” ausgeschwat - dat heescht, datt sou drop gebaut gëtt, datt d’Iwwerreschter vum historeschem Gebai nach ëmmer siichtbar sinn.
Op där Plaz kéint iwwerdeems eng zentral Ulafstell entstoen, op där een alles iwwert d’kulturell Offer an d’Geschicht vun der Stad ka gewuer ginn.
Aus der Iddi vun enger Déifgarage, wéi et am urspréngleche Projet vun der Gemeng virgesi war, gëtt also näischt.
Communiqué par : ministère de la Culture
La ministre de la Culture, Sam Tanson, et le bourgmestre de la Ville d’Echternach, Yves Wengler, ont invité les habitants d’Echternach ainsi que toute personne intéressée de venir assister à une réunion d’information sur les vestiges découverts remontant à l’époque de saint Willibrord (658-739) sur le site de la «Petite Marquise». L’importance et la singularité des découvertes ainsi que différentes solutions de mise en valeur ont été présentées au public par le comité scientifique indépendant composé du Prof. Dr. Matthias Wemhoff (directeur du Museum für Vor- und Frühgeschichte, Staatliche Museen Berlin), du Prof. Dr. Rainer Atzbach (professeur à l’université d’Aarhus) et du Prof. Dr. Lukas Clemens (professeur à l’université de Trèves). Leur présentation a été complétée par les travaux du bureau d’architecture autrichien Novetus.