De Jury vum Prix Servais 2022 huet e Mëttwoch den Owend d'Short-List vun den nominéierte Bicher publizéiert.

Mat den nominéierten Titele wéilt d'Jury op "d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg" hiweisen an déi Lëtzebuerger Literatur promouvéieren, heescht et an engem Communiqué. D'Gewënnerin oder de Gewënner gëtt ugangs Mee annoncéiert. De Prix Servais, deen zanter 1992 vergi gëtt, ass mat 6.000 Euro dotéiert. D'Jury gëtt presidéiert vum Jeanne E. Glesener. Weider Membere sinn d'Simone Beck, d'Odile Linden, de Claude Mangen, de Pierre Marson, den Alex Reuter, d'Shari Schenten, d'Aimée Schultz an de Sébastian Thiltges.

D'lescht Joer ass de Präis un d'Dichterin Ulrike Bail huet mat hirem Gedichtband "Wie viele Faden tief" gaangen.

Dës Publikatioune stinn op der Short-Lëscht

  • Guy Helminger, Lärm, Mersch, capybarabooks, 2021.
  • Paul Mathieu, À bord, Esch-sur-Alzette, Éditions Phi, 2021.
  • Jean Portante, Frontalier, Bridel, Hydre Éditions, 2021.
  • Jeff Schinker, Ma vie sous les tentes, Bridel, Hydre Éditions, 2021.
  • Nora Wagener, Was habe ich verpasst, Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld, 2021.