Bekannt gouf d'Actrice an hirer Roll als Leutnant Uhura an der originaler Star-Trek-Serie un der Säit vum William Shatner, Leonard Nimoy an George Takei.

Gebuer gouf d'Schauspillerin den 28.Dezember 1932 am US-Bundesstaat Illinois. Tëscht 1959 an 2019 war si als Schauspillerin, Dänzerin a Sängerin aktiv. Wéinst hirer Roll als Leutnant Uhura op der USS Enterprise gëllt si als eng vun de Pionéier vun afroamerikanesche Schauspiller am US-Fernseh. Nieft der Schauspillerei huet si sech tëscht 1977 an 2015 als Fräiwëlleg bei der NASA engagéiert, dat am Rekrutement vun Astronauten, grad bei Fraen an ethnesche Minoritéiten.

Si ass Mamm vun engem Jong, dem Kyle Johnson, deen sech och selwer als Schauspiller probéiert huet. Am Juni 2015 huet d'Nichelle Nichols, déi als Grace Dell Nichols gebuer gouf, e liichten Hiereschlag gehat, ma knapp 3 Joer méi spéit gouf bei hir Demenz diagnostizéiert. Den 30. Juli ass si dunn zu Silver City am US-Bundesstaat New Mexiko am Alter vun 89 Joer gestuerwen.