Eng 200 Fotoen a Géigestänn aus der Ukrain sinn am ale Gebai vun der Akerbauschoul ausgestallt. Et heescht Spenden a Material sammele fir de Wanter.

9 Méint Krich an der Ukrain. Bal all Dag kommen nei Schreckensnoriichten aus dem Krichsgebitt. Suerge mécht virun allem de Wanter, dee kuerz bevir steet. Futtis Infrastrukturen, net genuch ze iessen an d'Ongewëssheet wéi a wou de nächsten Ugrëff ass. Fir d'Mënschen dohannen eng onméiglech Situatioun. D'Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeë rifft zu hirer drëtte Spendenaktioun op, dës Kéier a Kombinatioun mat enger Expo.

Schonn an der Vergaangenheet hu si mat Pompjeeë vun Vinnytsia zesummegeschafft. Eng 200 Fotoen a Géigestänn aus der Ukrain sinn am ale Gebai vun der Akerbauschoul ausgestallt. D'Material kruten si vun de Leit vum Terrain geschéckt. De Henri Scholtes ass mat Responsabel: "Mir wollte puer Fotoen dobäi maache fir d'Leit ze animéieren ze spenden. A wa mir eng Iddi hunn, da gëtt dat gäre ganz grouss. An esou ass déi grouss Fotosausstellung entstanen."

Vum 17. Oktober u sammelen si zesumme mat der Gemeng Ettelbréck an dem LTETT am ale Gebai vun der Akerbauschoul Material fir de Wanter.

Méi Informatioun zu Suen- a Sachspende fannt dir hei.

D'Expo ass op:

- Donneschdes, de 17.11.22 vu 15 bis 20 Auer

- Freides de 18.11.22 vu 15 bis 20 Auer

- Samschdes de 19.11.22 vu 10 bis 15 Auer

Zu deenen Zäite kann een dann och seng Spenden ofginn.

Duerno bleift d'Expo nach eng Woch opgeriicht fir d'Schüler, an aktuell gëtt och gekuckt, fir d'Expo op enger anerer Plaz viru lafen ze loossen.