De Rick Berg a Raphael Maroldt, och bekannt als Rick&Rough, ass en DJ-Duo, bei deem gutt Laun garantéiert ass.

Ugefaangen, zesummen opzeleeën, hunn déi zwee Schoulkolleege wéi si op Première waren. De Fakt, dass si zu zwee sinn, hu si vun Ufank un als Virdeel gesinn. "Wann een zu zwee ass, kann een och emol op d'Toilette goen, wann deen aneren nach spillt", laacht de Raphael.

Deemools ass hire Stil éischter a Richtung kommerziellen "Tech-House" gaangen an hir Büne waren déi berüümt, berüchtegt Fräibéieren. Mat der Zäit hunn awer souwuel hire Stil, ewéi och d'Locations, wou si spillen, ferm changéiert.

RTL

© Rick & Rough

"Mir sti fir 'happy' an 'uplifting' Beats. D'Leit solle Spaass hunn, si sollen danzen an d'Energie soll héich sinn", sou de Rick. "Mir si bekannt dofir, dass mir e bësse méi geckeg sinn, wa mir opleeën, mä mir si schonn zimmlech no un de Leit, mengen ech."

RTL

© Rick & Rough

Hautdesdaags ass hire Genre eng Mëschung aus "UK Garage", "Break" a "Ghetto-Tec". Dat héiert ee souwuel op hirer neister EP Don't belong ewéi och op hirem leschten Album A ticket to zoo space, deen 2020 erauskomm ass.

DJ Serie - Rick&Rough

Nieft dësem Projet ass de Rick och solo als Ricko James aktiv. Dat géif et him erlaben, en anere Genre ze produzéieren. "Wann ech éischter eppes am Hip Hop oder RnB Beräich wëll maachen, da maachen ech dat meescht eleng, obwuel de Raph och do scho mat mir kollaboréiert huet", sou de Rick. "Dacks hëlleft de Raph mir och, wann ech mat eppes net weiderkommen oder engem Track eppes Klenges feelt."

Rick&Rough op Spotify