De Filmproduzent a Regisseur ass ufanks vum leschte Joer wärend engem Vëlostour op ee Bam opmierksam ginn, deen hien du fotograféiert huet.

Aus där enger Foto ass an der Tëschenzäit eng ganz Kollektioun vun honnerte vu Biller ginn. Opgedeelt op 40 Mol ass hien, equipéiert mat Kamera, Vëlo a Kaart, de Stadrand vun der Lëtzebuerger Stad Etappeweis ofgefuer a -getrëppelt, an huet wärenddeem Fotoe gemaach.

"Ech mengen, et ass mir och drëms gaangen, mäi Stil als Fotograf ze fannen", sou de Yann Tonnar. "Ech maache schonn zanter Laangem Fotoen, mä fir eng Expo zesummenzestellen, mussen d'Biller konzeptuell zesummenhänken."

D'Thema an den Titel "Stadtrand" hätte sech zimmlech séier erauskristalliséiert. Heibäi huet hie sech engersäits un d'Grenzen, déi vun der Stad virgi sinn, awer och un natierlechen an historesche Grenzen inspiréiert. Schlussendlech huet hie sech fir 83 Fotoen entscheet, déi d'Ausstellung elo ausmaachen.

"Et geet am Fong ëm d'Empreinte vum Mënsch an der Landschaft. Dofir sinn et Fotoe vum 'Stadtrand', där Plaz, wou d'Stad ophält an eppes Neies ufänkt. Dat ass dann do, wou d'Stad, oder fir méi wäit auszehuelen, d'Zivilisatioun zerfält an d'Natur, d'Vegetatioun iwwerhand hëlt. Do ass dann ee Konflikt tëschent Uerdnung an Onuerdnung, Chaos an Organisatioun, a Gebautem an Zerfalen, an dorëms geet et bei dëser Ausstellung."