Déi grouss Damm vun der Lëtzebuerger Literatur ass dout
D’Anise Koltz ass am Alter vu 94 Joer verscheet.
Si war virun allem Lyrikerin, där hir Wierker an Dosende vu Sproochen iwwersat goufen an déi déi prestigiéiste Literaturpräisser krut, nieft Batty Weber-a Servais-Präis zu Lëtzebuerg och eng Abberzuel un international renomméierte Präisser.
Ee kloert Zeechen och vun internationaler Unerkennung war, dass et déi éischt Lëtzebuerger Schrëftstellerin war, där hir Gedichter an der renomméierter Lyrik Editioun vu Gallimard publizéiert goufen. 2018 koum dunn och nach fir hiert Gesamtwierk de "Prix Goncourt" vun der Poesie als Consecratioun dobäi.
Dobäi hat d'Anise Koltz ni Literatur studéiert, mee esouguer hire Lycée ofgebrach, fir sech ze bestueden. D’Mamm vun 3 Kanner huet dunn awer zesumme mat hirem Mann, dem Dr. Réné Koltz, 1962 d'Mondorfer Dichterdeeg an d’Liewe geruff.
Den Austausch tëscht Auteure war hir eng Häerzensugeleeënheet. Si ass vill an d’Ausland op international Lyriker-Treffe gereest an hat eng intensiv Korrespondenz mat Schrëftsteller wéi Hermann Hesse, Thomas Bernard oder Andrée Chedid .
Nom fréien Doud vun hirem Mann 1971, deen un de Suitte vu Mësshandlungen am zweete Weltkrich gestuerwen ass, huet si opgehalen op Däitsch ze schreiwe. Vun Ufank un huet si an hirer Poesie déi grouss existenziell Mënschheets-Froen thematiséiert.

D’Anise Koltz war eng staark an onofhängeg Fra mat grousser Ausstralung an huet net just d’Lëtzebuerger Literatur an d’literarescht Liewen nohalteg iwwer Joerzéngte gepräägt, donieft war si och sozial ganz engagéiert .
Hirer Famill onst opriichtegt Bäileed.