Um Luxembourg City Film Festival sinn an 8 Kategorien déi beschte Filmer geéiert ginn.

E Samschdeg den Owend stoung de Kierchbierg ganz am Zeeche vum Film. Op der 13. Editioun vum Luxembourg City Film Festival goufen an 8 verschiddene Kategorien déi jeeweils beschte Filmer geéiert.

Ënner engen 900 Filmer sinn der ëmmer just eng Hand voll an d'Selektioun vun de verschiddene Kategorië komm. Den Haaptpräis, dee mat engem Präisgeld vun 10.000€ dotéiert ass, konnt d'Valentina Maurel mam Film "I have electric dreams" gewnnen. De Präis fir de beschten Documentaire huet d'Produktioun "De Humani Corporis Fabrica" gewonnen.

E ganz spannende Präis, well e potentiell d'Zukunft vum Kino wéist, ass dee vun der virtueller Realitéit. D'Produktioun "All that remains" konnt de Jury an deem och d'Bettina Steinbrügge souz iwwerzeegen :

"Er baut unglaublich tolle Räume ein. Man befindet sich als Zuschauer in diesen Räumen, die Schauspieler nehmen einen mit, man ist selbst da drin gefangen. Es ist eine unglaublich poetische Geschichte wo man auf sehr nahbare Art und Weise plötzlich etwas erfährt. Dieses Erfahren ist so offen dass es die eigenen Erlebnisse werden."

Dëst Joer war et déi éischte Kéier, dass um City Film Fest och e Präis vun der internationaler Federatioun vun der Filmpress verdeelt gouf. Den iranesche Film "World War 3" konnt net nëmmen dësen exklusive Jury iwwerzeegen, mä och dee vum Jeune Public a krut domadder 2 Präisser. Den 2030 Award ass un d'Lëtzebuerger Koproduktioun "The Kings of the World" gaangen.

De Familljefilm "Totem" huet direkt zwee Juryen iwwerzeegt : Dee vun de Kanner souwéi dee vun de Schoulklassen. Eppes wourop de Realisateur Sander Burger ganz houfreg ass:

"Ech sinn iwwerwältegt. Ech hunn e Familljefilm gemaach a si vu Kannerjurye geéiert ginn. Grad Kanner gi schaarf Kriticken. Ech konnt mäi Public also erreechen. Et sinn déi beschte Präisser déi ech mat dësem Film gewanne konnt."

Zu gudder Lescht bleift nach de Präis vum Public, deen un déi iresch Produktioun "The Quiet Girl" gaangen ass. E Sonndeg den Owend kënnt de Festival mat der Projektioun "A good person" vum Zach Braff op en Enn.

Hei geet et op d'Säit vum Luxembourg City Film Fest.

RTL