Am Kader vum 50. Doudesdag vum Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen kann een am Steichen-Cabinet am MNHA aktuell d'Expo "The Artist's View" entdecken.

De gebiertege Lëtzebuerger war net just ee vun de berüümtsten amerikanesche Fotografe vum 20. Joerhonnert, ma hie gehéiert och zu de wichtegste Figure vun der Fotografiegeschicht iwwerhaapt.Viru sengem Doud hat den Edward Steichen dem MNHA ganzer 178 Fotoe vermaach, déi dem Musée 1985 vu senger Wittfra iwwerreecht goufen. 20 dovunner ginn et der elo nees am hauseegene Steichen Cabinet ze entdecken.

Schonn zanter 2015 presentéiert den MNHA dem Public all dräi Méint eng nei Selektioun vu Fotoen aus senger Steichen-Kollektioun. Ma déi aktuell Ausstellung, déi sech "Edward Steichen - The Artist's View" nennt, ass eng ganz besonnesch. Wéi den Titel et scho verréit, weist deen neien Zyklus de Bléck vun anere Kënschtler op dem Edward Steichen seng Wierker. Rieds ass vum hollännesche Fotograf Erwin Olaf an dem belsche bildende Kënschtler Hans Op de Beeck.

Déi zwee Kënschtler, deenen hir Wierker an där méi grousser Ausstellung "Inspired by Steichen" am Dialog mam Edward Steichen senge Fotografië stinn, hunn am Steichen-Cabinet eng Ausstellung op d'Been gestalt, déi déi grouss d'Villsäitegkeet vun deem bekannte Fotograf a sengem Wierk ënnersträicht. No hire ganz perséinleche Krittären hu si ënnert anerem Portraiten, Landschafts- a Moudefotoen aus der Kollektioun erausgesicht.

Déi universell Bedeitung an déi inspiréierend Wierkung vum Edward Steichen sengem Wierk si bis haut spierbar. Dass den MNHA esou ee grousse Bestand u Wierker vum Fotograf selwer huet, ass fir de Musée eng immens Chance.

"Edward Steichen. The Artist‘s View"ass nach bis de 4. Juni ze gesinn.

Fir d‘Selektioun vum Erwin Olaf an Hans Op de Beeck beschtméiglech novollzéien ze kënnen, mécht ee virum Steichen-Cabinet am beschten den Tour duerch d'Expo "Inspired by Steichen". Dës leeft nach bis den 11. Juni.