76. Editioun vum Festival de CannesSelektioun presentéiert - zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen derbäi

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg goufen déi 19 Filmer presentéiert, déi an der Competitioun vum 76. Festival de Cannes vum 16. bis de 27. Mee matginn.

Mat derbäi sinn nei Filmer vun de Realisateure Wes Anderson, Wim Wenders Ken Loach an Catherine Breillat. Bei déi 19 selektionéiert Filmer kéint awer nach een 20. derbäikommen. “Killers of the Flower Moon” vum Martin Scorsese soll fir den Ament hors Compétition matgoen, mee d’Organisateure vum Festival géifen e gäre mat am Rennen ëm d’Palme d’or gesinn. “D’Demande ass gemaach”, esou den Generaldelegéierte vum Festival Thierry Frémaux.

Fir eng éischte Kéier ginn och Filmer vun am ganze sechs Realisatricë mat an d’Rennen. Och de Film, deen de Festival wäert opmaachen, ass vun enger Fra realiséiert ginn. “Jeanne du Barry” vun der Fransousin Maïwenn Le Besco, an deem den Johnny Depp d’Haaptroll huet, geet hors Compétition mat.

Mat “Jeunesse” vum Realisateur Wang Bing ass och eng Lëtzebuerger Co-Produktioun mat an der Course. Den Documentaire vum chineesche Realisateur gouf vun de Film Fauves (Gilles Chanial) a Frankräich, Hong Kong an Holland co-produzéiert. Nieft dem Film an der offizieller Competitioun gëtt an der Kategorie “Un Certain Regard” mat “The Delinquents” nach een eng zweete Lëtzebuerger Co-Produktioun gewisen.

© AFP/Archives/LOIC VENANCE

Hei d’Filmer an der Competitioun:

  • CLUB ZERO vum Jessica HAUSNER
  • THE ZONE OF INTEREST vum Jonathan GLAZER

  • FALLEN LEAVES vum Aki KAURISMAKI

  • LES FILLES D’OLFA vum Kaouther BEN HANIA

  • ASTEROID CITY vum Wes ANDERSON

  • ANATOMIE D’UNE CHUTE vum Justine TRIET

  • MONSTER vum KORE-EDA Hirokazu

  • IL SOL DELL’AVVENIRE de Nanni MORETTI

  • L’ÉTÉ DERNIER vum Catherine BREILLAT

  • KURU OTLAR USTUNE vum Nuri Bilge CEYLAN

  • (LES HERBES SÈCHES)

  • LA CHIMERA vum Alice ROHRWACHER

  • LA PASSION DE DODIN BOUFFANT vum TRAN Anh Hun

  • RAPITO vum Marco BELLOCCHIO

  • MAY DECEMBER vum Todd HAYNES

  • JEUNESSE vum WANG Bing

  • THE OLD OAK vum Ken LOACH

  • BANEL E ADAMA vum Ramata-Toulaye SY | 1er film

  • PERFECT DAYS vum Wim WENDERS

  • FIREBRAND vum Karim AÏNOUZ

Hei déi komplett Lëscht vun de Filmer, déi am Kader vum Festival gewise ginn.

PDF: Deux coproductions luxembourgeoises en sélection officielle au Festival de Cannes 2023

Back to Top
CIM LOGO