
Wéini d’Kasematte fir de Public opginn, gëtt an deenen nächsten Deeg bekannt gemaach.
D’Bock-Kasematte waren am éischte Corona-Lockdown zougemaach ginn a waren zënterhier net méi accessibel.
Et goufen ënner anerem Renovatiouns-Aarbechte gemaach.
Virun engem Joer waren d’Péitruss-Kasematten no 7 Joer nees opgaangen.