Déi Lëtzebuerger Band Dream Catcher kann no 25 Joer op eng abenteuerlech Karriär zeréckblécken. Eng Geschicht, déi mat engem neien Album gefeiert gëtt.

"Under a blood red ground": sou heescht den neien Album vun "Dream Catcher". D'CD ass eng Live-Opnam vun enger Serie vun dräi Concerten, déi d'Band 2018 an de Minne vu Rëmeleng opgefouert huet.

E Choix, deen net dem Zoufall iwwerlooss gouf. De Projet "Dream Catcher" ass zanter ëmmer fest am Minett verankert, allem viraus den Direkter vun der Diddelenger "opderschmelz" a Sänger John Rech, deen "Dreamcatcher" als säi Solo-Projet lancéiert huet, fir senger musikalescher Kreativitéit fräie Laf ze loossen.

De Projet versteet sech deemno och als en Hommage un all déi Leit, déi hiert ganzt Liewen an de Minne verbruecht an deelweis och geaffert hunn. Eng Erfarung, déi net nëmme kënschtleresch beräicherend an emotional war, sou de John Rech: "Och Deeg no de Concerten hunn ech nach roude Buedem gespaut. Do gouf mir mol bewosst, ënner wéi enge Konditiounen déi Mënsche Stonne laang hu musse schaffen."

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture; web-share" allowfullscreen>

Musikalesch gesinn, kann een den Album als eng Zort Réckbléck a Jubiläumsfeier zugläich gesinn. Nieft den eegene Lidder, fënnt een um Album och eng sëllege méi al Lidder vun der fréierer Pop-Rock-Band "T42", bei där de John Rech Leadsänger a Gittarist war. Trotz dëser Mëschung, bléift och dësen Album dem Stil trei, deen iwwert Joren de Succès vun "Dream Catcher" ausgemaach huet.

No sëllege Concerte ronderëm d'Welt ass och dëst Joer nees eng Kanada-Tour geplangt. Ma och heiheem ass eng Tournée mat Concerten um Kierchbierg, zu Peppeng an Diddeleng virgesinn. Fir d'Occasioun goufen d'Lidder speziell fir eng Bigband néi arrangéiert an de Publik erwaarden nieft der Ekipp vun "Dream Catcher" och nach 24 Harmonie-Museker.

Wien nach méi iwwert "Dream Catcher", hir Geschicht an Anekdote wëll gewuer ginn, dee kann an den Interview vum John Rech an der Sendung "Am Takt" eralauschteren.