Eng Oper fir Mënsche mat enger Beanträchtegung
D'Fondatioun EME huet Kanner mat enger Beanträchtegung an eng interaktiv Oper vun der English Touring Opera agelueden.
Musek gëllt als universell Sprooch, mat där ee jiddereen erreeche kann a Mënsche verbënnt. Et spillt keng Roll, wéi eng Virkenntnesser een huet, wéi eng Sprooch ee schwätzt oder wéi ee kulturellen Hannergrond een huet. D’Fondatioun EME huet dat erkannt an huet sech zum Zil gesat, d’Inclusioun ze fërderen a Mënschen zesummenzebréngen.
Si versiche Musek méi no un déi Leit ze bréngen, déi dacks vum kulturellen a soziale Liewen ausgeschloss ginn. Dat ganzt Joer iwwer gi Concerten am Prisong, a Spideeler, Alters- a Flüchtlingsheemer organiséiert, ma och Projete realiséiert, wou sech d’Participante musikalesch a kreativ kënnen ausdrécken.
Zanter 2011 schaffe si mat der English Touring Opera zesummen. All zwee Joer invitéiert d’Fondatioun déi brittesch Gesellschaft an d’Philharmonie, wou si mat enger vun hiren Operen optrieden. Ma d’Plaze sinn ëmmer séier fort.
"Mir invitéieren Institutiounen a Schoule fir Kanner mat spezielle Besoinen. Dat ass wierklech en Datum, dee bei hinne scho ganz, ganz laang am Viraus am Kalenner steet, well et eng Offer ass, déi et schonn esou laang gëtt a si all Joers heihinner kommen," sou d’Sarah Bergdoll, Coordinatrice bei der Fondatioun EME.
Zousätzlech huet d’Christine Bausch vun der Fondatioun d’Oper vum Engleschen an d’Lëtzebuergesch iwwersat a mat de Sänger vun ETO astudéiert. Schlussendlech hu si sech dunn awer op e Mix vun deenen zwou Sprooche gëeenegt. Dozou kënnt nach d’Gebäerdesprooch, déi nämlech och vill Kanner mat Autismus benotzen.
Dëst Joer si ganzer 10 Seancë vun hirer Oper "Zoo!" geplangt. Et geet ëm d’Ari, dat sech am Zoo op d’Sich nom Bamfräsch mécht. Allgemeng leet d’English Touring Opera grousse Wäert op d’Participatioun vun de Kanner am Publikum. Deemno ass et eng ganz interaktiv Oper an där d’Kanner op der Bün setzen an deels och mat no vir geholl ginn.
All Kéiers geléngt de Projet op en Neits an erfreet d’Sänger vun der English Touring Opera, d’Fondatioun EME an d’Kanner am Publikum. A ganz niewebäi kënnen déi Jonk och nach an d’Welt vun den Operen andauchen an d’Inclusioun gëtt gefërdert.