Mir schléissen nach net mam Summer of, mä esou lues wiesselt d'Lecture schonn. Do virdru schwätze mir iwwer déi Bicher, déi eise Summer 2023 gepräägt hunn.

Iwwer Goûte léisst sech bekanntlech streiden. Dat gëllt och fir Bicher. Dofir hu mir an eiser Redaktioun nogefrot, wat d'Journalisten dann esou iwwer de Summer gelies hun a wéi ee Buch hinne besonnesch an Erënnerung bliwwen ass.

Monica Camposeo - "Alte Sorten", Ewald Arenz

E Buch, dat mir sécherlech méi laang an Erënnerung wäert bleiwen, ass "Alte Sorten" vum Ewald Arenz. Erzielt gëtt d’Geschicht vun engem jonke Meedchen an enger erwuessener Fra, déi sech duerch Zoufall begéinen. Lues a lues entsteet eng besonnesch Frëndschaft, ouni vill Klischeeën a Plattitüden. Et ass eng Bezéiung, déi net besser kéint weisen, wéi wichteg nolauschteren oder och emol zesumme roueg sinn, ass.

Lea Schwartz - "Björnstadt", Frederik Backmann

"Björnstadt" vum Frederik Backmann ass mäin Highlight vum Summer! Et ass net déi typesch Summer-Lektür: et spillt am Wanter, am Schnéi an et geet ëm Äishockey. Mee et ass genee déi richteg Mëschung tëscht enger Geschicht an där een andauche kann, well d’Figuren engem sympathesch sinn, a ville gesellschaftlechen Themen, déi ganz komplex, sensibel a clever vum Auteur behandelt ginn. Et geet ëm déi kleng Stad Beartown, an där sech alles ëm Äishockey dréit, virun allem well dës Saison d'Jugendekipp gutt Chancen huet, déi national Finall ze gewannen. All Figur huet seng ganz eege Grënn ze hoffen, dass si Landesmeeschter ginn, mee bis si den Titel hunn, kann nach vill geschéien...

Jean-Marc Turmes - "Gesammelte Gedichte 1954 - 2006", Robert Gernhardt

Ech sinn een immens lidderege Mënsch, dofir liesen ech och keng Romaner. Fir e gutt Stéck Prosa, allerdéngs, sinn ech ze hunn. An e puer Wierder eng Welt op ze maachen… Meng Virbiller um Radio kënnen dat! De Robert Gernhard och -

Ich tick nicht, was das Arschloch motiviert.
Ich tick es echt nicht.
Und wills echt nicht wissen:
Ich find Sonette unheimlich beschissen.

Mäi Kolleeg, de Sepp, huet mer e ganze Gedichtband geschenkt. Méi Bicher wéi dat brauch ech net!

Valeria Wiwinius - "Le mage du Kremlin", Giuliano Da Empoli

Ee Buch, wat et mir dëse Summer besonnesch ugedoen huet, war "Le mage du Kremlin" vum Giuliano Da Empoli. De Roman zielt de professionellen an och private Parcours vum fiktive Charakter Vadim Baranov, dee vill Parallelle mam russesche Businessmann a Politiker Vladislav Sourkov opweist. De Sourkov huet laang Zäit als riets Hand vum Putin fungéiert an zu sengem enksten Entourage gehéiert. Dat ass dann och déi genau Positioun, déi de Baranov am Roman fir sech beusprocht. Duerch déi detailléiert Beschreiwunge vun de russesche Wäerter, der Mentalitéit an der Geschicht - dorënner och dem Putin säin Opstig, seng Positioun a Weltusiicht - gemëscht mat der humaner Touche, déi de Roman duerch säi Protagonist kritt, weist "Le mage du Kremlin" engem Russland aus enger anerer Perspektiv.

Bea Kneip - "Die sieben Monde des Maali Almeida", Shehan Karunatilaka

E Mordfall, deen et ze léise gëllt, dorëms geet et an "Die sieben Monde des Maali Almeida" vum sri-lankesche Schrëftsteller Shehan Karunatilaka. Et ass allerdéngs kee klassesche Krimi, well den Enquêteur an dëser Affär ass kee Police-Kommissär, an och kee Privatdetektiv…mä d’Mord-Affer selwer. Sou ongewéinlech wéi dësen Ëmstand ass och de Roman, deen 2022 mam "Booker Prize" ausgezeechent gouf. Dem Shehan Karunatilaka ass mat sengem zweete Roman en onwarscheinleche Spagat gelongen, an deem hien déi grujeleg Realitéit vu Biergerkrich, Korruptioun a Kriminalitéit mat Elementer vu Fantasy a Satire duerchsetzt. An och wann een iwwer seng skurril Afäll heiansdo laache muss, vergësst een dach zu kengem Zäitpunkt, dass déi Dämonen, Ghouls a Geeschter deenen de Mali op senger Rees begéint hire Pendant am wierkleche Liewen hunn. E Meeschterwierk an eent vun deene Bicher, déi een esou séier net vergësst.

Tim Morizet - "Never Let Me Go", Kazuo Ishiguro

De Roman befaasst sech mat der Sënnlosegkeet vum mënschleche Liewen, sengem, net z'evitéieren "Enn" an der Fro, wéi ee mat deem Enn ëmgoe wëll. A ville Punkten erënnert "Never Let Me Go" un "The Handmaid’s Tale" vum Margaret Atwood. Den Ishiguro ass e Meeschter vum subtillen "Storytelling". Mir léieren d‘Kathy kennen, 31 Joer al. Et war zu Hailsham an der Schoul. Eng Schoul, déi hir ganz Educatioun dorop baséiert, Kanner ze konditionéieren, datt se hir "speziell" Bestëmmung acceptéieren. De Roman ass eng fantastesch geschriwwe Fiktioun, déi d’Fro opwerft, wat et bedeit e Mënsch ze sinn a wat geschitt, wann d’Wëssenschaft net vun Ethik begleet gëtt. Subtil, onheemlech, beängschtegend an ergräifend. Eent vun de beschte Bicher dat ech dëst Joer gelies hunn.