En halleft Joerhonnert no hirem Verschwannen hunn 3 Fans vun de Beatles eng Campagne gestart, fir dem Paul McCartney seng berüümt Bassgittar erëmzefannen.

"Dëst ass d'Sich no der wichtegster Gittar vun der Geschicht - dem Paul McCartney senger Original-Höfer", schreiwen déi dräi Fans op hirer Websäit thelostbass.com, déi se fir d'Sich nom Instrument ageriicht hunn. 1969 ass d'Gittar verschwonnen, et war dem Beatles-Bassist seng alleréischt. Kaf hat hie se 1961 zu Hamburg. Den Hobbydetektiven no ass et méiglech, datt den aktuelle Besëtzer näischt vun hirer Bedeitung weess.

Ënnert anerem a Lidder wéi "Love Me Do", "She Loves You" an "Twist and Shout" ass se ze héieren. Am Januar 1969, wärend d'Band sech fir ënnert anerem den Opname fir "Get Back" zu London opgehalen hat, ass d'Gittar verschwonnen a bis haut net méi opgetaucht. Mam haut 81 Joer ale McCartney hu sech déi dräi Fans och schonn iwwert de Verloscht ënnerhalen.

Zanter e Samschdeg, dem Dag un deem d'Campagne lancéiert gouf, krute si schonn honnerte Mailen eran, wouvunner zwou villverspriechend Hiweiser enthale sollen. Datt si mat hirer Aktioun Succès wäerten hunn, hale si fir net onwarscheinlech: 2014 war ëmmerhin dem John Lennon seng 1963 verschwonne Gibson-Gittar verschwonnen an nees opgetaucht.