D'Hollerecher Schluechthaus kritt e gliesenen Daach
Déi modern Constructioun geet iwwert de ganze bebauten Deel vum fréieren Industriesite.
Am Norden an am Süde vum 2,5 Hektar groussen Terrain si Parke geplangt. Déi al Schluechthausgebaier sti gréisstendeels ënner Denkmalschutz a ginn erhalen.
D'Jury huet sech eestëmmeg fir dëse Projet ausgeschwat, seet de Luc Ramponi, deen als Chef-Architekt vun der Stad Lëtzebuerg am Jury souz. Duerch de gliesenen Daach géifen déi al Gebaier gutt protegéiert ginn, et misst ee se manner renovéieren an op Energieeffizienz oppassen. E weidere Virdeel ass, datt de Site dat ganz Joer iwwer ka genotzt ginn.
De Skatepark bleift, e Sall fir Concerten an aner Optrëtter, oder och eng Kloterwand solle bäikommen. Weider si Restauranten a Bistroen, kleng Commercen a Kënschtler-Ateliere geplangt. D'Schluechthaus soll eng Plaz ginn, wou d'Leit aus de Quartiere ronderëm sech treffen, seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
E Sonndeg, de 24. September gëtt de Projet am Detail dem Public virgestallt. D'Presentatioun ass am Hollerecher Schluechthaus.