Ass et ëmmer de Gäertner? Faszinatioun "Locked Room Thriller"

© Pixabay
En isoléierten Hotel, eng einsam Insel oder eng zougeschneiten Hütt an de Bierger, eng Unzuel u Mënschen, dacks Frënn an ee vun hinnen ass ee Mäerder.
Dat ass d’Ausgangspositioun, an där sech gären emol d’Figure vu sëllegen Thriller oder Krimien erëmfannen. Am Englesche gëtt et dofir och en Ausdrock “Locked Room Thriller” an et ass ee Konzept u Bicher, vun deenen ech ni genuch ka kréien. Ma loosst mech mäi Motiv erklären.
D’Motiv
Streng geholl ass et jo net besonnesch komplex, déi verschidde Geschichten änele sech ganz staark, d’Auteuren erfannen d’Welt net nei, wa si esou e Buch schreiwen. Mee et ass grad dat, wat mech dorunner esou begeeschtert. Ech weess, wann ech zu sou engem Buch gräifen, dass ech ënnerhale sinn.
Mee et ass och spannend ze liesen, wéi all Auteur trotzdeem seng eege Geschicht draus mécht. Sief et d’Plaz op där sech den Drama ofspillt, d’Personnagen, déi dra verwéckelt sinn oder iwwerraschend Verwécklungen an der Handlung. Mech faszinéiert et ze liesen, wéi déi verschidden Auteuren ëmmer nach nei Aart a Weise fannen, fir eng Geschicht ze erzielen, déi schonn Honnerte mol virdrun erzielt gouf.
An do hunn ech puer Bicher erausgesicht, déi op meng perséinlech Lëscht vun de Verdächtege kommen, wann et dorëms geet en Thriller fir e gemittlechen Hierschtmëtteg ze fannen.
Verdächtegen Nr. 1 – Agatha Christie a "Karten auf den Tisch"
Fänke mir mat engem absolutte Klassiker un. D’Agatha Christie ass d’Kinnigin vun de “Locked Room Thriller.” Sief et "Mord im Orient Express" (Den Hercule Poirot muss e Mord opkläre wärend enger Zuchrees) oder awer "Tod auf dem Nil", dee réischt lescht Joer nei verfilmt ginn ass. (Hei muss de Poirot op en Neits e Mord opklären, deen op engem Schëff an Ägypte geschitt ass a just d’Passagéier kommen a Fro.) oder awer och “Und dann gab es keines mehr” (10 Friemer ginn op eng verloossen Insel gelackelt vun engem Friemen, deen all hir däischter Geheimnisser kennt). D’Agatha Christie huet déi Aart vun Thriller perfektionéiert an huet an hirer laanger Karriär net manner wéi 66 Romaner geschriwwen. An hire Romaner ass et entweder d’Miss Marple oder den Hercule Poirot, déi sech dem Opkläre vun de Morde verschriwwen hunn. Viru Kuerzem ass och mat “Marple” e Sammelband erauskomm, bei deem zäitgenossesch Auteuren a Kuerzgeschichten ee weider Fäll mat der Miss Marple erliewe loossen. D’Valeria Wiwinius huet dozou en Artikel geschriwwen.
Fir dësen Artikel hunn ech mech dofir entscheet, “Mit offenen Karten” ervir ze hiewen. Ech sinn nach am gaangen et ze liesen, well ech mir et extra fir den Hierscht gespuert hunn an aktuell sinn ech nach matten dra fir hin an hir ze roden, wie schlussendlech de Mäerder ass.

Verdächtege Nr. 2 – Stuart Turton an "Die sieben Tode der Evelyn Hardcastle"
En absolutte Favorit vu mir, d’Konzept vum Buch ass bestëmmt net fir jiddereen eppes, fir mech war et spannend an ënnerhalend bis zum Schluss. D’Atmosphäre vum Buch kënnt ganz no un Agatha Christie-Romaner erun. Et huet een d’Gefill, et wär een Enn vum 19. Joerhonnert an enger brittescher Aristokratefamill. Am Buch geet et dorëms, de Mord vum Evelyn Hardcastle erauszefannen. D’Duechter vun der Famille Hardcastle gëtt virun den Ae vun der ganzer Partygesellschaft erschoss. Dat Speziellt an dat Spannend ass, dass den Haaptcharakter all Dag an engem neie Personnage erwächt an all Dag nees eng nei Chance huet, de Mord opzeklären an d’Evelyn ze retten. Och wann ee virun allem am Ufank bëssen duercherneen ass mat de ganzen Nimm, et ass esou eng flott Aart a Weis, eng Geschicht ze erliewen an zum Deel souguer richteg onheemlech, wat fir Geheimnisser an deem groussen Herrenhaus vun der Famille Hardcastle esou laueren.
Verdächtegen Nr. 3 – Lucy Foley an "Die Gästeliste"
Eng Hochzäit organiséieren ass jo schonn ustrengend genuch, blöd wann et op der Hochzäit dann och nach e Mord gëtt. Am Lucy Foley hirem Roman geet et ëm eng Hochzäit op enger schottescher Insel wäit fort vun der Zivilisatioun. D’Geschicht gëtt aus wiesselenden Perspektiven erzielt an et ass e klasseschen Locked Room Thriller, well natierlech net ëmmer Fären op d’Insel kommen an esou ass jidderee vum Personal bis zu de Gäscht iwwert Braut mam Mäerder agespaart. Flott un där hei Geschicht ass, dass si zwar en dacks erzielte Konzept notzt, dofir awer vill modern gesellschaftlech Themen uschwätzt. E klengen Tipp vu mir: Als Lauschterbuch lauschteren. D’Figure sinn och mat verschiddenen Spriecher vertount an ech konnt net méi ophale mat lauschteren, well ech ëmmer nees wësse wollt, wéi et viru geet.
Iwwregens hunn ech perséinlech nach ni e Buch gelies, bei deem de Gäertner de Mäerder war. Vu wou de Klischee wuel kënnt? Deem musse mir dann eng aner Kéier op de Grond goen...