Fir de 75. Anniversaire vun der weltwäit gréisster Bicherfoire ass Slowenien als Éieregaascht invitéiert.

Ënnert dem Motto "Waben der Worte" (A Honeycomb of Words) presentéiert Slowenien seng Literatur a Kultur. Fir d'Gaaschtland ass all Kéiers e ganze Pavillon um éischte Stack vum Forum reservéiert. Et gëtt awer och soss vill z'entdecken. 2022 waren et net manner wéi 4.000 Stänn, op deene sech 180.000 Visiteuren iwwer d'Neiheeten an der Buchbranche informéiere kënnen. D'Frankfurter Buchmesse riicht sech engersäits un déi Professionell aus der Buchbranche, anerersäits ass awer och de Grand Public wëllkomm, dat allerdéngs eréischt vum Freiden Nomëtten un.

Déi international Aktualitéit ass och zu Frankfurt en Thema, an enger Welt, déi vu Krise markéiert ass. Wa sech d'lescht Joer villes ëm de Krich an der Ukrain gedréint huet, läit 2023 de Fokus op dem neie Konflikt, deen d'Welt zënter dem 7. Oktober an Otem hält. An engem Statement seet den Direkter vun der Frankfurter Buchmesse, de Jürgen Boos:

"Wir verurteilen den barbarischen Terrorkrieg der Hamas gegen Israel aufs Schärfste. Und wir sind entsetzt. Unsere Gedanken sind bei den Opfern, ihren Angehörigen und allen Menschen in Israel und Palästina, die unter diesem Krieg leiden. Der Terrorkrieg gegen Israel widerspricht allen Werten der Frankfurter Buchmesse. Bei der Frankfurter Buchmesse geht es immer um Menschlichkeit, im Zentrum steht der friedliche und demokratische Diskurs. Diese Menschlichkeit ist durch den Angriff der Hamas-Terroristen auf Israel abermals zerbrochen."

Dowéinst ass dann och kuerzfristeg de Programm adaptéiert ginn fir, esou de Jürgen Boos, "zousätzlech Bünemomenter fir israeelesch a jiddesch Stëmmen ze schafen". Dës Solidaritéit mat Israel gefält net jidderengem. A senger kontroverser Ried zum Optakt vun der Buchmesse huet de slowenesche Philosoph Slavoj Zisek betount, et misst een och de Palästinenser nolauschteren an den Hannergrond vum Konflikt verstoen. Indonesien a Malaysia hunn hir Participatioun kuerzfristeg ofgesot.

De Weekend gëtt sech ënner strengste Sécherheetsmesuren och de brittesch-indeschen Auteur Salman Rushdie op der Foire erwaart. De 76 Joer ale Mann, deen zejoert bei engem Attentat uerg verwonnt gi war, gëtt e Sonndeg an der Paulskirche mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel geéiert.

4.200 Aussteller aus 95 Länner sinn dëst Joer op der Buchmesse ze fannen. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees mat engem Stand present. An der Hal 3 stelle Lëtzebuerger Editeuren hir nei Bicher vir. (Halle 3.1 Stand F134)

Dee komplette Programm vun der Buchmesse ass op hirem Site www.buchmesse.de ze fannen.

Ëffnungszäite fir privat Visiteuren:

Freideg 20. Oktober 14h00-18h30
Samschdeg 21. Oktober 09h00-18h30
Sonndeg 22. Oktober: 09h00-17h30