Prix Goncourt geet un de Jean-Baptiste Andrea

© Dimitar Dilkoff / AFP
De Filmregisseur a Schrëftsteller Jean-Baptiste Andrea gouf mam prestigiéise franséische Literaturpräis fir säi Roman "Veiller sur elle" ausgezeechent.
A sengem Roman "Veiller sur elle" widmet den 52 Joer alen Auteur sech dem Liewenswee vum Sculpteur Michelangelo Vitaliani virum Hannergrond vun de Weltkricher an dem faschisteschen Italien.
No de batteren Diskussioune vun der Akademie iwwert d'Autobiografie "Vivre vite" vun der Brigitte Giraud huet de Jury sech dëst Joer dofir decidéiert, de Präis un e Wierk "voller Fantasie a vill Romantik" ze verginn, wéi d'Noriichtenagence AFP mellt. Donieft gëtt mat Iconoclast en onofhängege Verlag ausgezeechent. De Jean-Baptiste Andrea gouf fir d'éischt als Dréibuchauteur bekannt, éier hien 2017 säin éischte Roman "Ma Reine" publizéiert huet. "Veiller sur elle" ass säi véiert Buch.
"Ech wollt eppes schreiwen, dat méi grouss ass wéi dat, wat ech bis ewell geschriwwen hat, ech wollt all d'Grenzen hannert mir loossen, déi ech mir an 20 Joer Kino operluecht hat... déi ech awer paradoxerweis och mengen éischten dräi Romaner operluecht hat. Et ass eng Hommage un Italien, d'Land vu menge Virfaren", sot den Andrea iwwer säi Roman.

© Dimitar Dilkoff / AFP
E weidere grousse Literaturpräis aus Frankräich, de Prix Renaudot, goung un d'Ann Scott fir hire Roman "Les insolents". Et ass e Wierk iwwer "d'Einsamkeet", an deem déi 45 Joer al Filmkomponistin Alex decidéiert, Paräis ze verloossen a bei d'Atlantikküst ze plënneren. Beim Jury aus Journalisten a Literaturkritiker huet sech d'Ann Scott sech an der leschter Ronn géint der Sorj Chalandon, d'Lilia Hassaine, den Alexis Salatko an de Gaspard Koenig duerch.
D'Saison vun de franséische Literaturpräisser geet en Donneschdeg den 9. November mam Prix Médicis op en Enn.