Déi amerikanesch Schrëftstellerin huet 1988 hiren Debut an de literarescher Welt gemaach mat hirem Prosa-Band "Bad Behavior".

2002 huet d’Buch och als Basis gedéngt fir dem Regisseur Steven Shainberg säi Film “Secretary”, och wann de Film wéineg Affinitéite mam Gaitskill hirem Buch huet. Si selwer huet de Film als “eng Pretty Woman-Version” vun hirem Buch beschriwwen.

Éier de Film erauskoum, hat d’Schrëftstellerin aus Kentucky schonn een neie Roman an een Erzielband erausbruecht. Iwwer d’Jore koumen der nach eng ganz Partie no, genau wéi divers Essayen an Artikelen am "Harper’s Magazine", "Esquire" an "The New Yorker", fir der e puer ze nennen.

Mäin éischte Kontakt mat der Schrëftstellerin war hir Novelle „This Is Pleasure“, déi 2019 als Reaktioun op den #MeToo-Mouvement erauskoum. Erzielt gëtt dës aus zwou Perspektiven – dem Buch Editeur Quinlain Maximillian Saunders, kuerz Q, an dem Margot, och M genannt. Déi zwee hunn eng laangjäreg Frëndschaft um Bockel, déi ugefaangen huet bei engem Mëttegiessen, wou de Q dem M tëschent d’Bee gegraff huet, wouropshin hat hien direkt gestoppt huet. Eng eemoleg Situatioun, op d’mannst an hirer Frëndschaft. Mam #MeToo Mouvement ännert sech awer och sou Munches an deenen zwee hirem Liewen, virun allem well de Q vun enger ganzer Rëtsch Frae wéinst sexueller Belästegung ugeklot gëtt.

A knappen 83 Säiten developpéiert d’Mary Gaitskill déi zwou Perspektiven a gehäit Liicht op eng Problematik, déi wuel vill thematiséiert gouf, awer seelen op esou eng variéiert Aart a Weis, wat d’Novelle fir mech ëmsou méi memorabel a remarkabel gemaach huet.

Allgemeng thematiséiert d’Mary Gaitskill dacks Tabu-Themen a schreift iwwer Experienzen, déi anerer ënnert den Teppech kieren. Am Mëttelpunkt vun hirem Schreiwes steet meeschtens d’Fra, hir Roll a Positioun an der Gesellschaft, hir Sexualitéit, hir Gedanken an Erliefnisser. Thematiken, déi definitiv net nei sinn, mä d’Method wéi déi Fraen duerch dem Mary Gaitskill hir Fieder zum Liewen erwächen – meeschtens an e puer kuerze Paragraphen – ass impressionnant a bréngt ee méi zum Nodenken, ewéi Charakteren aus den deskriptive Romaner vu 500 Säiten. Ee Grond méi wisou d’Mary Gaitskill eng vun den zäitgenëssesche Schrëftstellerinnen ass, déi ech suivéiere wéi keng Zweet.