Zanter 11 Auer e Freideg de Moie kann een um Glacis nees zäitgenëssesch a modern Konscht aus ganz Europa bewonneren a natierlech och kafen.

Dat am Kader vun der Luxembourg Art Week, déi 2015 mam But entstanen ass, déi Lëtzebuerger Konschtzeen méi enk mam internationale Marché ze verknäppen. Méi wéi 80 national an international Galerien si bei dëser 9. Editioun vun der Foire dobäi, fir engem breede Public hir Konschtwierker ze presentéieren.

D'Luxembourg Art Week 2023 léisst wuel d‘Häerz vun all Konschtpassionéierte méi héich schloen. An den dräi Kategorien "Main Section", "Take Off" an "Focus Wien" weisen hei etabléiert, ma och jonk Galerien, Kënschtlerkollektiver a regional Konschtzentren hir Wierker. Ze entdecken ginn et Skulpturen, Zeechnungen, Fotografien an Installatiounen a virop Molereien vun alle Generatiounen.

All Exposant, deen hei dobäi ass, huet seng Spezialisatioun. Sou och d'QG Gallery an d'Galerie La peau de l'ours vu Bréissel.

Säitens den Organisateure vun der Foire ass een houfreg iwwer dee villsäitege Programm, deen een dem Public mat dëser 9. Editioun bidde kann. Nach bis e Sonndeg den Owend kann een déi vill Exposanten an hir Konschtwierker um Glacis entdecken.

Ticketen an dee ganze Programm vun der Luxembourg Art Week ginn et op www.luxembourgartweek.lu