Entstanen ass dës Produktioun a Kollaboratioun tëschent dem Schauspielhaus Salzburg an dem Escher Theater.

Et gi wéineg Dramaturgen, déi vu sech kënne behaapten, dass si dru bedeelegt waren, en neien Theatergenre inspiréiert ze hunn. De Schwed August Strindberg gehéiert awer genau zu där Kategorie. Ufanks vum 20. Joerhonnert huet hien nämlech eng Theaterform gepräägt, déi zanterhier als “intimes Theater” bekannt gouf.

Per Definitioun handelt et sech engersäits ëm eng Form vum Theater, wou de Public immens no un der Bün an dem Geschéien op der Bün sinn, wouduerch eng gewësse Verbonnenheet an Intimitéit entsteet. Anerersäits geet et awer och drëms, dass d'Themen, déi op der Bün opgegraff ginn, intim Ablécker a mënschlech Relatioune ginn.

Am Fall vun dësem Wierk geet et ëm eng dysfunktional Famill, wou de Papp grad gestuerwen ass an d'Kanner an d'Mamm zeréckbleiwen a musse léieren, dës nei Situatioun ze navigéieren. Fir hir Representatioun gouf d'Wierk och ofgeännert: aus den zwee Kanner - engem Jong an engem Meedchen - sinn zwou Duechtere ginn. Fir de Rescht wier et hinnen och immens wichteg gewiescht d'Dualitéit vun der Mamm ze weisen.

"Wat ech spannend fannen, ass de Versuch, dass et op den éischte Bléck natierlech, ganz klassesch, déi béis Mamm, d'Hex, ass, déi e béise Charakter huet. Wat een awer méi déif an d'Figur erageet a Gedanke mécht, ee mierkt, dass dat guer net sou eendeiteg ass.", sou d'Nora Koenig, déi d'Mamm am Wierk spillt. "Dat ass zimmlech aktuell, wat mer do soen, an ech soen ëmmer 'Ah, dir mengt Äre Papp huet ni Feeler gemaach', also dee Gedanken, dass et och ëmmer d'Mamm ass, déi un de Pranger gestallt gëtt, a seelen de Papp."

"Der Pelikan" gëtt am Ganze 4 Mol gewisen. Méi Informatioune ginn et hei.