
Als Frontmann vun der Band Nirvana steet de Kurt Cobain Ugangs den 1990er Joren un der Spëtzt vun engem Museksstil, dee vum Nordweste vun den USA aus d’Welt eruewert, dem Grunge. De Cobain gëtt zum Superstar, steet un der Spëtzt vun den Charts a spillt ausverkaafte Concerten. Trotzdeem kënnt säi Liewen am Alter vu grad emol 27 Joer mat engem Selbstmord op en Enn. Ma wie war de Mann, deen dacks als eng Zort Sproochrouer vun der “Generation X” bezeechent gëtt an trotz all sengem Erfolleg ni zefridde mat sech selwer war.
De Kurt Donald Cobain kënnt den 20. Februar 1967 als Bouf vun der Serveuse Wendy Elizabeth Cobain a vum Mecanicien Donald Leland Cobain an der klenger Stad Abberdeen am US-Bundestaat Washington op d’Welt.
Seng kënschtleresch Begabung gëtt scho fréi däitlech. Senger Giedel no hätt de jonke Kurt mat 2 Joer ugefaangen, ze sangen, a mat 4 hätt hie schonn ugefaangen, Piano ze spillen. Och gemoolt hätt hie scho ganz fréi.
Ma mat 9 Joer kënnt et zum éischte grousse Broch am Cobain sengem Liewen. Seng Eltere loosse sech scheeden. De Kurt Cobain selwer beschreift dës Erfarung an engem Interview, dat hie ginn huet, wéi hie schonn e berüümte Sänger war, folgendermoossen: “Ech hat eng wierklech gutt Kandheet, bis ech 9 Joer al war.”
D’Scheedung vun den Elteren hätt de Cobain eegenen Aussoen no rose gemaach. Dass seng Elteren nei Bezéiungen ufänken a seng Mamm sech mat engem Mann aléisst, deen hir kierperlech Gewalt undeet, hëlleft der Saach net.
Seng Zäit als Teenager ass haaptsächlech vu Rebellioun gepräägt. Hien zitt sech zeréck a mobbt en anere Schüler. Seng Mamm gëtt d’Suergerecht fir de Cobain un de Papp of. Ma och dee gëtt mat sengem rebelléierende Bouf net eens a bréngt en tëschenduerch bei anere Familljememberen a bei Frënn ënner.
Et ass dann och e Monni, deen dem Cobain fir säi 14. Gebuertsdag d’Wiel tëscht engem Vëlo an enger Gittar léisst. De museksbegeeschterten Teenager zéckt net laang an entscheet sech fir d’Instrument.
De Kurt Cobain brécht d’Highschool schliisslech ouni Ofschloss of. Seng Mamm, bäi där hien antëscht nees wunnt, stellt hie schliisslech virun en Ultimatum: Eng Aarbecht fannen oder vun doheem fortgoen. De Cobain flitt schliisslech doheem eraus a lieft déi nächst Joren ëmmer nees bei anere Kolleegen an deels och op der Strooss. An dës Zäit falen och dem Museker seng éischt Erfarunge mat haarden Drogen.
Nach wärend senger Schoulzäit huet de Kurt Cobain de Roger Osborne, Gittarist a Sänger vun der Punk-Rock-Band Melvins kennegeléiert. Hie verbréngt en Deel vu senger Zäit am Proufsall vun der Band a grënnt schliisslech selwer seng éischt Band: “Fecal Matter”. Dës sollt et awer net laang ginn. Ënner anerem, well de Roger Osborne, deen tëschenduerch Bass spillt, de Projet esou wéineg eescht hëlt, dass e sech net emol e Verstäerker keeft.
Ma am Proufsall vun de Melvins léiert de Cobain och de Bassist Krist Novoselic kennen an déi zwee fänken un, zesumme Musek ze maachen. 1987 grënnen déi zwee zesummen eng Band. Am éischte Joer wiesselt d’Band e puer Mol den Numm, bis se sech 1988 op “Nirvana” festleet. D’Band sammelt éischt Live-Erfarungen, andeems se an der Géigend ronderëm Seattle Concerte spillt. Dës si fir de Kurt Cobain awer éischter eng Enttäuschung. Dat well et hinnen net geléngt, vill Spectateuren unzezéien.
An hire fréie Joren huet d’Band ausserdeem Schwieregkeeten, en Drummer ze fannen. Net manner ewéi 6 verschidde Batteure spillen tëscht 1987 an 1990 bei Nirvana. Trotzdeem hëlt d’Band schliisslech en éischten Album op. Mam Kurt Cobain als Gittarist a Sänger, dem Krist Novoselic um Bass an dem Chad Channing als Drummer kënnt “Bleach” am Juni 1989 beim Indi-Label “Sub Pop” eraus. Den Album kritt gutt Kriticken, ma de ganz groussen Erfolleg bleift awer aus. An Nordamerika ginn nëmme ronn 40.000 Eenheete verkaf. Ma den Erfolleg sollt net méi alt ze laang op sech waarde loossen.
1990 gëtt schliisslech den Dave Grohl Drummer vun Nirvana a sollt et bis zu der Band hirer Opléisung bleiwen. Mat him hëlt d’Band och hiren zweeten Album op. “Nevermind” kënnt beim Major-Label “DGC-Records” eraus. Den Album mam plakege Puppelchen um Cover, deen engem Geldschäin hannendru schwëmmt, verkeeft weltwäit ronn 75 Millioune Kopien. En Erfolleg, deen d’Membere vun der Band zu Staren an zu räiche Männer mécht.
Besonnesch de Kurt Cobain als Frontmann gëtt eppes ewéi d’Stëmm vun enger Generatioun. Hits ewéi “Smells Like Teen Spirit” a “Come as you are” schéngen den Teenager vun der Generation X aus der Séil ze schwätzen. Ma de Cobain selwer fillt sech onwuel an der Roll vum Weltstar. Als jonke Mann, deen als Kand ëmmer nees vu sengen Eltere bei aner Leit placéiert gouf, bis kee sech méi wollt ëm hie këmmeren, huet hien ni wierklech e Selbstwäertgefill entwéckelt a fënnt et schwéier, domat ëmzegoen, dass hien op Eemol net nëmmen akzeptéiert, mä esouguer e Virbild ass. Hien zitt sech zäitweis aus der Ëffentlechkeet zeréck, well hie mam Drock vun der Situatioun net eens gëtt.
Phaseweis Gléck fënnt de Kurt Cobain a senger Bezéiung mat der Sängerin Gittaristin vun der Band Hole Courtney Love. Déi Zwee ginn de 24. Februar 1992 bestuet. Am August kënnt hir Duechter Frances Bean Cobain op d’Welt.
De Kurt Cobain kënnt scho fréi a sengem Liewe mat Drogen a Kontakt. A senger Jugend fëmmt hie Cannabis, hëlt LSD an drénkt Alkohol. Heroin hëlt hien déi éischte Kéier mat 19 Joer. Vun dëser Drog sollt hie schliisslech ofhängeg ginn. De Museker selwer sot eng Kéier, dass hien d’Drog géif huelen, fir mat sengem chronesche Bauchwéi eens ze ginn.
An enger Biografie heescht et, dass de Cobain wärend dem Groussdeel vu sengem Liewe mat enger chronescher Bronchitte a mat Moprobleemer ze kämpfen hat. Op anere Plazen ass ëmmer nees rieds vun enger Depressioun. Ob de Museker Heroin hëlt, fir mat senger Péng eens ze ginn oder ob et einfach nëmmen d’Sucht ass, déi hien dreift, kann elo net méi gekläert ginn.
Um Enn sollt de Kurt Cobain senge Probleemer net méi Meeschter ginn. Och wann hien als Museker weiderhi grouss Erfolleger feiert, gëtt säi Privatliewen ëmmer méi chaotesch. Tëschenduerch verléieren hien a seng Fra wéinst hiren Drogeprobleemer esouguer d’Suergerecht fir hir Duechter. Um Enn gesäit de Kurt Cobain keen Auswee méi. An engem Raum iwwert der Garage vu sengem Haus zu Seattle sprëtzt hie sech eng grouss Dosis Heroin a schéisst sech mat enger Schroutflënt selwer an de Kapp. Hie gëtt 27 Joer al.
Wéi bei all bekanntem Personnage dauert et och beim Cobain dann net laang, bis déi éischt Verschwörungstheorien opkommen. Et geet rieds vun engem Mord. Esouguer dem Cobain seng Ex-Fra gëtt verdächtegt, hannert dem Museker sengem Doud ze stiechen. 2021 mécht den FBI schliisslech d’Akten zu den Ermëttlungen am Fall Cobain ëffentlech. An deene steet, dass alles op e Suicide hindeit.
Trotz alle Rumeure gëllt de Kurt Cobain als ee vun de wichtegste Museker vu senger Generatioun, deem seng Fäegkeeten als Songwriter nach bis haut gelueft a vu ville Museker als prägenden Afloss genannt ginn. De Mythos Kurt Cobain ass och 30 Joer nom Museker sengem Doud nach ongebrach. Anescht léisst et sech wuel kaum erklären, dass eng onbekannt Persoun eng vum Cobain senge Gittaren zejoert fir 1,6 Milliounen US-Dollar gesteet huet.
Kanner a Jugendlecher kënne sech um Kanner- a Jugendtelefon um Nummer 116111 mellen.
Donieft ginn et mam CePAS och Ulafstellen an de Schoulen a Lycéeën. Erwuessener kënnen op den Nummer 45 45 45 vun SOS Détresse uruffen.
Hëllef kritt een am Fall vu Mobbing och bei der Mobbing asbl.
En Iwwerbléck op all d’Ulafstellen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, fënnt een um Internetsite: www.prevention-suicide.lu
Wann ee selwer am Fall ass, kann ee sech och zu all Moment bei der Police mellen.