Esou verännere Spotify an Tiktok d’Musek vun haut

Enger Etüd no gi Lidder ëmmer méi kuerz an hu sech an hirer Struktur verännert. Schold doru solle Streamingdéngschter an d'Sozial Medie sinn.
D'Musek huet sech an de leschte Joerzéngte verännert. Ma net nëmmen den Text huet eng Entwécklung duerch gemaach, mä och d’Längt vun de Lidder changéiert. Schonn duerch de Radio hunn d’Lidder viru Joerzéngte misse méi kuerz ginn. Den neie "Géigner" sinn dann elo Streamingplattforme wéi zum Beispill Spotify a Sozial Medie wéi Tiktok. Dës sollen nämlech en Afloss op d’Längt an op den Opbau vu Lidder hunn.
Manner Opmierksamkeet bei de Nolauschterer?
Den CHAiLD, e Lëtzebuerger Museker, deen och beim Lëtzebuerger Song Contest dobäi war, gesäit dëst änlech. Schold dorun ass awer net Spotify, mä éischter d’Sozial Medien an d’Opmierksamkeetsspan vun de Nolauschterer. "Ech hale meng Lidder bewosst kuerz wéinst TikTok." Esou géif hie versichen, seng Lidder elo ënner 3 Minutten halen, wat net ëmmer einfach wier. "Et nervt och heiansdo, well s de e gutt Lidd hues, wat sech richteg ufillt an et da kierze muss." Mä d’Leit géife méi laang Lidder einfach net esou lauschteren.
Och de Maz, e Lëtzebuerger Rapper, huet d’Gefill dass d’Lidder elo méi kuerz musse sinn. "Virun e puer Joer war et nach 3 Minutten 20 oder 30. Elo hunn ech d’Gefill, et muss een ënner 3 Minutte sinn, wat net ëmmer einfach ass."
Anescht gesäit de Lëtzebuerger Produzent a Museker Turnup Tun d’Situatioun. Fir hien huet Spotify keen Afloss op d'Längt vu senge Lidder. "Fir mech perséinlech huet d’Dauer méi mam Text ze dinn: Wann ech Gefill hunn, ech hunn näischt méi ze soen, wéi bei 'Mamacita' oder 'Nach e Kuss', déi 2 Minutten oder 2:30 sinn, do hunn ech dann eben alles gesot an déi Lidder sinn dann och esou opgebaut. Part Conter hunn ech och Lidder wéi 'Big Mac', déi sinn da 6 Minutten 30 , déi hätt ech och nach vill méi laang kéinte maachen. Et ass eng Gefillssaach. Hues de deng Geschicht an dem Lidd fäerdeg erzielt oder net?"

Ma de Maz selwer versicht seng Lidder e bëssen un d'Critère vun Haut unzepassen. Fir hie steet d'Kreativitéit awer wieder am Vierdergrond. "Et ass wichteg eng Balance ze fannen tëscht der Kreativitéit, also deem, wat ee produzéiere wëll, an de kommerzielle Musekstrukturen." Hien observéiert awer, dass et och Museker ginn, déi méi laang Lidder produzéieren. "Ech hunn deslescht nach eng Band op enger Streamingplattform entdeckt, déi Lidder schreift, déi ronn 8 Minutte laang sinn an dat ass an net onbedéngt eng Seelenheet."
De Virdeel vu Musek-Streamingdéngschter wéi Spotify wier hei, dass et keng Limitte gëtt, wéi laang e Lidd dierf sinn, sou laang et net méi kuerz wéi 30 Sekonnen ass.
"Et ass onméiglech dovun ze liewen"
D'Plattform huet also hir Vir- an Nodeeler. Esou gëtt et all Artist d’Méiglechkeet, seng Musek ze verbreeden a Pub dofir ze maachen. Zil wier et dann awer éischter, Leit op Concerten ze lackelen. Räich gëtt een als Artist mat Spotify nämlech net, sou de Museker CHAiLD. "Et ass onméiglech dovun ze liewen." Pro Stream, also pro Kéier, déi e Lidd gelauschtert gëtt, kritt den Artist ëm déi 0,03 Cent, esou Mol déi genannten Zuel aus verschidde Quellen. Et muss een awer schonn emol e Minimum u Stream virweisen, éier een als Artist iwwerhaapt eppes kritt.
Den Turnup Tun gesäit dat net esou enk: "D’Artiste mussen ophalen, Spotify ze vergläiche mat CDe verkafen, déi Zäite sinn eriwwer. Du muss et méi als musikalescht Social Media oder als Promo-Tool gesinn."
An fir hir Lidder ze promoten, huet och d’Social Media Plattform TikTok eng ze bidden. Ëmmer méi Artisten maachen hei scho Pub fir hir nei Lidder, éier se iwwerhaapt verëffentlecht ginn. Fir dass dat funktionéiert, muss ee seng Lidder awer un d’Plattform upassen, erzielt den CHAiLD vu sengen Erfarungen. "Dem Maz a mäi Lidd 'Nightcall' hu mir geschriwwe mat TikTok am Hannerkapp. Et brauch eng Strategie an et huet funktionéiert. D’Lidd ass viral gaangen an alles, wat mir domat gepoust hunn och."
Dofir hätte si d’Lidd awer fënnef Mol ëmgeschriwwen. An et soll souguer esou eppes wéi e Geheimrezept ginn, wéi e Lidd op TikTok grouss ginn an heibäi si bei Museker sech eens: Déi éischt dräi Sekonne sinn déi Wichtegst. Da brauch een e puer Zeilen am Lidd, mat deene vill Leit sech identifizéiere kënnen. "Eng Zäitche ware besonnesch Texter iwwert de béisen Ex-Frënd a gëfteg Relatiounen immens am Trend. Do kënne vill Leit matfillen", sou den CHAiLD. Den Deel, deen dann op Tiktok gepost gëtt, ass dann nëmmen 10 bis 15 Sekonne laang an dee muss d’Leit erreechen. "An dann ass et irrelevant, wéi laang däi Lidd ass, soulaang deen Deel iergendwou an dengem Lidd present ass. D'Leit lauschteren d'Lidd a freeë sech op deen Deel, dee si vun TikTok kennen", sou den Turnup Tun.
Allgemeng wieren all déi nei Plattforme wéi en zweeschneidegt Messer, fënnt de Maz. Et gëtt jidderengem en Accès op Musek, mä et gëtt och méi schwéier, fir erauszestiechen, an et ass e bëssen eng Saach vu Chance, ob deng Musek gelauschtert gëtt oder net. Den CHAiLD iwwerdeems wënscht sech, dass d'Leit Musek méi schätzen a verstinn, wéi vill Aarbecht dohannert stécht.