"Ech hunn de Moment gär, wou d'Rieder zu all Sekonn vum Won fale kéinten"

D'Beth Ditto mat hirer Band Gossip um Optakt vun hirer Tour den 19. Mäerz zu Berlin. / © BRITTA PEDERSEN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Egal ob op der Bün oder am Gespréich - d'Gossip-Frontfra Beth Ditto huet net nëmmen eng ustiechend Energie, ma och eng elektriséierend Mënschlechkeet.
No Gossip hirer éischter grousser Hit-Single "Heavy Cross" am Joer 2009, déi speziell an Däitschland ageschloen hat wéi eng Bomm, huet an de Joren duerno huet kaum ee Wee ronderëm d'Beth Ditto a Gossip gefouert. D'Amerikanerin aus dem ländlechen Arkansas gouf zur Dance-Rock-Ikon an als "Jean Paul Gaultier"- Model och zum Gesiicht vun der deemools nach relativ neier "Body Positivity"-Beweegung.
An de leschte Jore war et ronderëm Gossip an d'Beth Ditto allerdéngs méi roueg ginn. De leschte Gossip-Album "A Joyful Noise" koum 2012 eraus, 2016 huet d'Band sech dunn offiziell opgeléist.
An där Zäit huet d'Beth Ditto nei Weeër gesicht, souwuel musikalesch als Solo-Kënschtlerin, ma och als Schauspillerin a Filmer a Serië wéi "Nocturnal Animals" (2016) an "Monarch" (2022). Ma Enn Mäerz war et dunn endlech nees esou wäit: mam Album "Real Power" koum de sechste Studio-Album vu Gossip eraus, produzéiert vum legendäre Rick Rubin.
Gossip: Eng liewenslaang (Museks-)Frëndschaft
Am Spéitsummer komme Gossip am Kader vun hirer Tour nees op Lëtzebuerg. Am Virfeld vum ausverkaafte Concert de 7. September hu mir mat der Beth Ditto geschwat - iwwer liewenslaang Frëndschaften, nei Decouverten, an iwwert hir Erënnerungen un de Grand-Duché.
Wou mir d'Beth Ditto op engem Mëttwoch den Owend per Video-Call uruffen, sëtzt si doheem zu Portland. Tëscht den 42 Shows, déi Gossip op hirer Tour tëscht Mäerz a September spillen, ass d'Frontsängerin grad fir eng Paus nees zeréck an der Heemescht.
Erëm mat Gossip am Studio an op der Bün ze stoen, fillt sech fir d'Beth Ditto iwwerraschend onverännert un. Et ass "wéi Vëlofueren", seet d'Beth Ditto iwwert d'Zesummenaarbecht mam Nathan Howdeshell (Gittar) an Hannah Blilie (Perkussioun). Mam Nathan Howdeshell zesummen trëtt si schonn zanter 25 Joer op. Si sinn net just zesummen opgewuess, ma hunn och zesumme geléiert, Musek ze maachen. "Du entwéckels eng Musek-Sprooch, déi nëmmen dir zwee kënnt schwätzen", erkläert d'Beth Ditto am RTL-Interview.

D'Membere vu Gossip, vu lénks no riets: Nathan Howdeshell (Gittar), Beth Ditto (Gesang) and Hannah Blilie (Perkussioun). / © Sebastian Gollnow / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Hir Trennung als Band hätt der haut 43 Joer aler Sängerin gehollef, sech selwer ze entdecken. "Ech vergläichen et ëmmer mat enger Libesbezéiung. Den Nathan an ech, mir hu Musek gemaach zanter datt ech 18 Joer al sinn. Dat ass wéi wann s du déi Persoun géifs bestueden, déi s du am Lycée kennegeléiert hues, an ni géifs mat enger anerer Persoun schlofen."
Wärend hire Solo-Projeten huet d'Beth Ditto vill iwwert sech selwer geléiert an och gemierkt, datt si bei Gossip eng essentiel Roll gespillt huet. "Et ass witzeg. Du kanns dës feministesch Persoun sinn an driwwer schätzen, aner Leit ze empoweren, mee gläichzäiteg mierks de emol net, datt s du dech selwer net empowers an et dir net zouléiss, d'Freed vun dengem Succès ze spieren."
Datt et elo nees als Gossip zesummen no vir geet, huet sech organesch esou erginn. D'Beth Ditto war mam Produzent Rick Rubin op Hawaii, fir nei Musek opzehuelen, wou hatt den Nathan Howdeshell gefrot huet, Gittar um Album ze spillen. "Et huet sech einfach net richteg ugefillt, den Nathan drop spillen ze loossen an him keng Unerkennung ze ginn. Et huet sech richteg ugefillt, et zu engem Gossip-Album ze maachen, an net einfach mäin Numm dropzeklaken."
"Ech hunn de Moment gär, wou d'Rieder zu all Sekonn vum Won fale kéinten"
Mam legendäre Produzent Rick Rubin op Hawaii opzehuelen, dee scho mat esou diverse Kënschtler wéi dem Johnny Cash, Slayer, de Red Hot Chili Peppers, dem Adele oder och nach de Beastie Boys zesummegeschafft huet, wier iwwerdeems net grad esou luxuriéis gewiescht, wéi ee sech dat kéint virstellen. "Et ass glamouréis, zu Hawaii ze sinn, verstéi mech net falsch. Ma wann d'Leit un dem Rick säi Studio op Hawaii denken, denken se, et wier wéi de Shangri-La op Kauai. Mä dat ass net, wat et war. Mir hu Saache gebaut, wa mir se gebraucht hunn. Wa mir eng Opnamekabinn fir d'Stëmm gebraucht hunn, dann hu mir déi gebaut."
Dem Rick Rubin seng onkomplizéiert an heiansdo och onorthodox Aart a Weis, un engem Album ze schaffen, géif hinnen als Band ganz gutt leien. Et hätt een ni gewosst, wat den Dag géif bréngen. "Ech hunn dat Gefill esou gär. Ech hunn de Moment gär, wou d'Rieder zu all Sekonn vum Won fale kéinten. Ech sinn an de leschte Joren och mat ADD diagnostizéiert ginn. Wann d'Saache schif lafen an ech muss improviséieren, da fléisst esou vill Dopamin duerch mäi Kierper."
Mam Titel vum neien Album "Real Power" wollt Gossip eng Hommage un de Stooges-Album "Raw Power" maachen. "Richteg Kraaft ass fir mech Empathie a Verständnis, an zouzeginn, wann een e Feeler gemaach huet." D'Konzept vun der Schwächt fënnt déi 43 Joer al Musekerin dogéint droleg: "Meng Schwächte waren nach ëmmer meng Stäerkten."
Speziell Erënnerungen un de Grand-Duché, an deem si fir d'lescht virun 12 Joer opgetrueden ass, huet d'Beth Ditto iwwerdeems net méi. "Ech hat ëmmer eng onheemlech gutt Memoire. Mä wat ech méi al ginn, wat ech och méi Erënnerunge maachen. An déi verschwammen ëmmer méi mateneen." Ma trotzdeem ass d'Virfreed op Lëtzebuerg - déi zweetlescht Etapp op der Tour - grouss: "Komm, mir maachen nei Erënnerungen!"