Zu Calais huet just nach den Eurotunnel d'Lëtzebuerger Museksgrupp getrennt, fir a Groussbritannien anzereesen. Ma hei sollt hir Tour dann awer scho eriwwer sinn, iert se iwwerhaapt ugefaangen huet...

Wann ee Concerten als Auslänner a Groussbritannie spille géif, wier e Visa fir op der Insel ze schaffen anscheinend net néideg. Majo dëst huet sech op der Grenz dunn awer fir déi Lëtzebuerger Jazz/Rock-Band als anescht erausgestallt.

De Benoit Martiny: "Wat ech dann awer warscheinlech e bëssen iwwerlies hunn, ass, datt een eng Invitatioun brauch, iergendwéi eng offiziell Invitatioun. An ech hate jo Beweiser, E-Mail-Kontakter, Poustere vum Festival, dee mer sollte spillen an England, an esou weider. An do war eben mäi Feeler, dat ech geduecht hunn, dat geet duer, an datt ech och wedervun de Venues nach vu soss Iergendengem am Fong gesot krut, wat ech genau bréicht."

De Benoit Martiny iwwert d'Grenz-Prozeduren
RTL

An anere Wierder: Wann een Post-Brexit selwer Concerten als Band an de UK sicht, wier dat illegal an et bräicht een e spezielle Visa. Fir Festivallen a Plazen, déi "permit-free" sinn, brauch een dat net, dat war awer hei net de Fall. Gëtt een awer als Kënschtler oder Band vu Veranstalter gefrot, op Festivallen oder Concerten ze spillen, wier dat net de Fall an et kéim een ouni gréisser Barrièren an d'Land. Fir eng semi-professionell Band ass dat natierlech éischter onrealistesch.

RTL

© Facebook Benoit Martiny Band

Fir wierklech Geld ze verdéngen a Groussbritannien, wou d'Reegelen jo no Brexit däitlech méi streng gi sinn, war awer ni de Plang a wier och komplett onrealistesch gewiescht: "Am Fong hätte mer méi Geld an d' brittesch Ekonomie gestach, wéi dass mer verdéngt hunn. Et war elo wierklech net wéinst dem Geld, dass mer dohinner gaangen sinn, well all déi Clubben, a souguer de Festival, hate wierklech ganz, ganz wéineg Geld."

De Benoit Martiny: Et war net wéinst dem Geld...

Dono gouf d'Band, déi zu deem Moment zu 3 waren, an Detentioun gestach, dat fir 2-3 Stonnen, dat ouni Telefon. Dono goufen d'Lëtzebuerger du vun der franséischer Police eraus eskortéiert. An der Detentioun, esou de Benoit Martiny, wier een sech quasi wéi e Kriminelle virkomm, dat, well een éierlech war, wat de Benoit Martiny natierlech enttäuscht.

"Déi Äntwerten, déi ech dem "Immigration Officer" ginn hunn, waren "not satisfactory". Dat heescht, hätt ech e bësse gelunn, oder hätt ech, keng Anung... Oder sou Bréiwer, Invitatiounsbréiwer, wéi offiziell mussen déi sinn? Also et ass ganz flou a vag, well et ass jo net déi éischt Kéier, dass ech an e Land spille ginn, wou ech e "Working Visa" brauch, oder wou ech eng "Letter of Invitation" brauch, mee hei war et sou flou, an ech hu geduecht, dat muss am Fong goen, mir kënne jo beweisen, dass mer do spillen..."

De Benoit Martiny iwwert d'Gespréich mat der Douane

Och säitens de britteschen Organisateuren goufen et heizou keng bis praktesch keng Informatiounen. Generell war och d'Communikatioun mat de Venues schwiereg an d'Reegelen a Virschrëften wiere méi wéi "flou", heescht et säitens der Band.

Op alle Fall falen d'Concerten a Groussbritannien tëscht dem 6. an 9. Juni fir d'Lëtzebuerger Band aus, eppes iwwert dat een natierlech extrem traureg ass, well een sech heirobber méintlaang drop preparéiert a gefreet hat.