Vill Emotiounen an der Philharmonie beim Europäesche Kulturpräis
E Freideg den Owend goufen d'Laureate vun dësem Joer mam Europäesche Kulturpräis priméiert.
Dëse Weekend steet Europa net just politesch am Fokus ma och kulturell! An der Philharmonie gouf e Freideg den Owend eng éischte Kéier den Europäesch Kulturprais hei zu Lëtzebuerg verginn,11 un der Zuel a viru groussem Public, de Sall war bis op déi läscht Plaz ausverkaaft.
Eng prestigiéis Gala mat ville bekannte Perséinlechkeeten, wou ënnert anerem de Philharmoneschen Orchester zesumme mam Ronan Keating awer och dem Tali opgetruede sinn. Ënnert de Laureate war de fréieren Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Hie gouf fir säi Apport fir déi europäesch Integratioun geéiert.
Weider gouf och d’Grande-Duchesse Maria Teresa fir hiert soziaalt Engagement geéiert. Si huet hire Präis geréiert ugeholl an dediéiert dësen "(...) all deenen, déi net gehéiert ginn a net gesi ginn, esou wéi déi Millioune Meedercher a Fraen am Afghanistan."
E weideren héich emotionale Moment war, wéi dem Frank Elstner seng jéngsten Duerschter Enya d’Laudatio fir hire Papp gehalen huet. Si sot hirem Papp ënner anerem Merci, datt him seng Famill ëmmer genee sou wichteg war wéi seng Karriäre. Déi däitsch Tëleeslegend krut den Europäesche Kulturpräis fir säi Liewenswierk. Viru 60 Joer hat dem Frank Elstner seng Karriär zu Lëtzebuerg bei Radio Luxemburg an der Villa Louvigny ugefaangen, a spéider gouf en dunn zum bekannte Showmaster an Tëleesproduzent, deen ënnert anerem "Wetten Dass...?" erfonnt huet.
Geéiert goufen nach eng ganz Partie weider Perséinlechkeete an och den Orchestre Philharmonique de Luxembourg, an deem iwwer 25 verschidde Natioune spillen, krut en Europäesche Kulturpraïs.
Nächst Woch komme mer an engem grousse Reportage am Magazin nach emol op den Europäesche Kulturpraïs zréck, a weisen de perséinlechen Interview mam Frank Elstner.