D'Famill vum Marc Henri Reckinger krut de Lëtzebuerger Konschtpräis 2024

© MinCult
En Donneschdeg huet de Kulturminister Eric Thill de Gewënner vum Lëtzebuerger Konschtpräis annoncéiert. Geéiert gëtt postmortem de Marc Henri Reckinger.
D'Famill vum Lëtzebuerger Kënschtler, deen am August d'lescht Joer am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass, huet de Präis fir säi Liewenswierk an enger feierlecher Zeremonie am Nationalmusée um Fëschmaart entgéintgeholl.
Et wiere ebe grad fir Kënschtler wéi de Marc Henri Reckinger, dass de Lëtzebuerger Konschtpräis an d'Liewe geruff gouf, ënnersträicht de Minister Thill.
"Mat senger Sensibilitéit fir gesellschaftspolitesch Themen offréiert de Kënschtler eis wäertvoll Perspektiven op d'grouss Defie vun eiser Epoque. Seng Kreatioune weisen eis, wéi d'Konscht dozou bäidroe kann, wesentlech gesellschaftlech Themen unzeschwätzen an d'Ëffentlechkeet zum kriteschen Denken z'animéieren."
De Lëtzebuerger Konschtpräis ass mat 10.000 Euro dotéiert. De Jury vun dësem Joer war zesummegestallt aus dem Jamie Armstrong, Christian Mosar, Ruud Priem, Edmond Thill an Danièle Wagener.
D'Ausstellung "Marc Henri Reckinger. Lëtzebuerger Konschtpräis 2024" ass op fir de Public vum 11. Oktober bis de 16. Mäerz 2025 am Nationalmusée an der Stad. Eng zweet Partie vun der Expo gëtt am Konschtzenter Nei Liicht et Dominique Lang zu Diddeleng gewisen, dat vum 12. dëse Mount u fir dee selwechten Zäitraum.