Faszinéierenden Äis-Festival a China huet seng Dieren opgemaach
Am Nordoste vu China kann een nees eng ganz besonnesch Stad bewonnere goen, eng Stad komplett aus Äis a Schnéi.
Am chineeseschen Harbin fënnt een den Ament dës Glitzer-Wonnerwelt. Ganz Gebaier, Tierm a souguer Palais-Anlagen aus Äisbléck kritt een an der "Ice-Snow World" ze gesinn.
Besonnesch beléift ass eng Visitt vun dësem aussergewéinleche Festival awer wann et däischter ass. Deen Ament wierken d'Äisskulpturen nach méi imposant a beandrockend.
Fir dësen Evenement am Nordoste vun der Volleksrepublik fänken d'Preparatioune scho Wochen am Viraus un. Sëllegen Aarbechter schneiden dofir Millioune Kubikmeter Äis aus dem Floss an der Géigend, déi da vun de ville Kënschtler op der Plaz zu eenzele Konschtwierker zesummegedroen, respektiv a form geklappt a geschlaff ginn.