Mélanie de Jamblinne de Meux
D’Luxembourg Art Week huet eng nei Direktesch

© Sophie Margue
D'Mélanie de Jamblinne de Meux iwwerhëlt d’Successioun vum Alex Reding, deen d'Art Week gegrënnt huet.
Den Alex Reding selwer zitt sech zréck a wäert sech op seng Galerien hei am Land an zu Bréissel konzentréieren, wäert awer weider am Verwaltungsrot aktiv bleiwen, heescht et an engem offizielle Schreiwes.
D’Mélanie de Jamblinne de Meux huet iwwerdeems scho fir déi 10. Editioun vun der Luxembourg Art Week zejoert als Directrice adjointe un der Säit vum Alex Reding geschafft. Si war an der Vergaangenheet ënnert anerem Deel vun der Ekipp fir d’Programmatioun vun Esch2022 an huet fir Lët’z Arles geschafft.
Am meeschte gelies