Déi éischt Filmer fir déi offiziell Selektioun vun der 78. Editioun vum Filmfestival zu Cannes goufen en Donneschdeg annoncéiert.

A Lëtzebuerg start do direkt mat zwou Koproduktiounen.

Engersäits gouf de Long-Métrage "Un simple accident" vum Jafar Panahi deemno fir déi offiziell Kompetitioun ausgewielt. De Film gouf vu Bidibul Productions vun der Christel Henon an dem Lilian Echee koproduzéiert.

RTL

© Bidibul Productions

Op der anerer Säit gouf den Animatiounsfilm "Marcel et Monsieur Pagnol" vum franséische Realisateur Sylvain Chomat an der offizieller Kompetitioun fir eng Séance spéciale erausgesicht. Och dëse Film ass eng Koproduktioun vu Bidibul Productions zesumme mat franséischen a belsche Partner.

Bei "Marcel et Monsieur Pagnol" geet et ëm e poeteschen Hommage un d'Welt vum Marcel Pagnol, deen duerch d'Ae vu sengem kandlechen "Doppelgänger" nei beliicht gëtt. De Film gouf zu Lëtzebuerg vum Lilian Eche a Kooperatioun mat Doghouse Studio an de Philophon Studios produzéiert.

RTL

© Bidibul Productions

Lëtzebuerger Pavillon am internationalen Duerf

Fir d'Lëtzebuerger Filmaarbecht op internationaler Bün opzewäerten, wäert de Lëtzebuerger Filmfong vum 13. bis den 22. Mee zu Cannes mat engem Pavillon am internationalen Duerf aktiv vertruede sinn. Do wäerten eng 20 Strukture sinn, dorënner: Produktiounsfirmen, Entreprisen, déi op Postproduktioun, Toun oder nei Technologië spezialiséiert sinn, mä och Strukture wéi den EAVE-Programm, de Luxembourg City Film Festival oder de Programm Creative Europe - Media.

E Samschdeg, de 17. Mee, ass den traditionelle Lëtzebuerger Dag, bei deem och de Kulturminister Thill a sëllege Professioneller aus dem Beräich vun der audiovisueller Produktioun a Vertrieder vun der Press wäerten dobäi sinn.