No e puer Mol plënneren an enger Restauratioun steet "La grande tempérence" zënter 2021 am Park bei der Villa Vauban.

D’Faarf Blo gëtt am heefegsten als Liblingsfaarf genannt. An der Faarfpsychologie symboliséiert se ënner anerem Harmonie, Fridden an Hoffnung. Am Chrëschtentum steet blo fir eppes Gëttleches an Iwwerierdesches. Am 6. a 7. Joerhonnert daucht “Ultramarinus” als Pigment op a bedeit “Jenseits vum Mier”.

Seng déif kinneksblo Qualitéit mécht se spéiderhin bei de Kënschtler aus der Renaissance immens beléift. Fir d’Faarf allerdéngs kënnen ze benotzen, misst ee räich sinn, d’Pigment hat nämlech de selwechte Wäert wéi Gold.

Konschtkritiker mengen, datt de Michelangelo säi Bild “Die Grablegung Christi” net konnt fäerdeg molen, well hie sech den “Ultramarin” Blo net méi leeschte konnt.

Am 20. Joerhonnert huet de franséische Kënschtler Yves Klein eng matt Versioun vum Ultramarin entwéckelt. Doropshin huet hie seng Blo patentéiere gelooss: “International Klein Blue” war vun do un seng Handschrëft.

D’Nana mam Titel “La grande Tempérence” ass 1995, am Kader vum Kulturjoer, op Lëtzebuerg komm. D’Skulptur, vun der franséisch-amerikanescher Kënschtlerin Niki de Saint Phalle ass Deel vun enger Serie vun Nanaen, di uechter d’ganz Welt stinn.

Fir d’Niki de Saint Phalle symboliséiert Blo Weiblechkeet a Stäerkt a si beschreift se als Faarf vun der Freed a vum Gléck. Blo war deemno och der Kënschtlerin hir Liblingsfaarf.

D’Nana war der Niki de Saint Phalle hir Manéier géint d’Männerdominanz ze protestéieren. Dofir entstinn dës iwwerdimensional grouss a faarweg Fraen.

"Ech kann d’Gesellschaft net veränneren, mee ech kann eng Visioun vun dominanten a gléckleche Frae proposéieren", sou d’Kënschtlerin an engem Interview 1969.

D’Niki de Saint Phalle ass als eng Rebellin, oder wéi si sech selwer genannt huet als Terroristin vun der Konscht, wouergeholl ginn. Hirem Image entspriechend huet si zum Beispill op Toille geschoss, fir Faarfexplosiounen ze provozéieren. En Akt, deen an d’Geschicht  ageet als eng radikal Konschtaktioun. Fir d’Kënschtlerin selwer war et en Akt fir hiert Kandheetstrauma ze verschaffen. Si huet géint hire Papp a géint all d’Männer geschoss.

Si war eng Ikon an huet eng grouss Pionéieraarbecht geleescht als Kënschtlerin, ma och als Fra an enger Männerdominéierter Konschtwelt. Hir Wierker haten ëmmer e soziale Message. Si war d’Jeanne d’Arc vun der zäitgenëssescher Konschtzeen.

Fir d’Niki de Saint Phalle war d’Konscht ufanks eng Therapie, déi hir duerch schwéier Depressioune gehollef huet. Ma dat wat si am Ufank gerett huet, ass hir zum Schluss zum Verhängnes ginn. D’Niki de Saint Phalle stierft 2002, ënner anerem, un enger schläichender Vergëftung duerch d’Ofgase vum Polyester, deem Material, mat deem si Joerzéngte laang geschafft huet. 
 
D’Stad Lëtzebuerg huet zesumme mat der Post an der Banque générale d’Nana deemools fir 15 Millioune Frang kaf. No e puer mol plënneren an enger Restauratioun steet “La grande tempérence” zënter 2021 am Park bei der Villa Vauban. An domat huet di bekannt Kënschtlerin Niki de Saint Phalle hir markant blo Handschrëft a Form vun enger 500 Kilo Fra op Lëtzebuerger Buedem verankert.