Am Nationaltheater an der Stad kann ee sech den Ament “Das Stahltier. Ein Exorzismus” ukucke. D’Stéck spillt an der Zäit vum drëtte Räich a weist de Frankfurter Tatort Kommissär Wolfram Koch an d’Jacqueline Macaulay an hirer exzellenter Inzenéierung vum Leni Riefenstahl, dem Joseph Goebbels an dem Willy Zielke. Regie féiert de Frank Hoffmann an Auteur vum Stéck ass den däitschen Auteur Albert Ostermaier.

Berlin, 1935. D’Filmregisseurin Leni Riefenstahl, déi an der Nationalsozialistescher Propaganda ganz aktiv war, trëfft sech mam Joseph Goebbels fir him “Das Stahltier” ze weisen. En avantgardisteschen Dokumentarfilm vum Regisseur a Kameramann Willy Zielke. Ma séier stellt sech d’Fro, aus wéi enger Motivatioun mécht si dat a wou hält Konscht op a wou fänkt Politik un?
 
“Wat d’Leni Riefenstahl hei mécht am Stéck ass, hatt gesäit datt ee Kameramann, de Willy Zielke, méi talentéiert ass wéi hatt a probéiert deen dann esou fäerdeg ze maachen, datt deen da just nach fir hatt schafft.”,sou de Frank Hoffmann, Regisseur an Direkter vum TNL.
 
Et handelt sech also ëm e fiktiivt Stéck, dat op realistesche Grondlage baséiert. Et geet et ëm Ofhängegkeeten, Muechtverhältnisser an ëm d’Skrupellosegkeet mat dem een, aus eegener Iwwerzeegung oder gezwongenermoossen am Nationalsozialismus virgaangen ass. Déi zwee Schauspiller sprangen dofir tëscht deenen dräi Personnagen hin an hier.
 
D’Bünebild ass sou gestallt ginn, datt wärend dem Stéck ëmmer rëm Ausschnëtter aus dem Originalfilm “Das Stahltier” gewise kënne ginn. 
 
“Es ging uns hier um filmische Mittel und ein paar Machtembleme, wie zum Beispiel, dass wir beide diese langen Ledermäntel tragen. Wir haben die Filmästhetik von Leni Riefenstahls Film ‘Triumph des Willens’ zitiert durch die Lichtkanonen und den Bunker. Also das hat schon alles eine merkwürdig bedrückende Stimmung hier.” – Wolfram Koch, Schauspiller.
 
“Stahltier. Ein Exorzismus” weist op eng abstrakt a brut Aart a Weis, wat eng Diktatur mat de Mënsche maache kann. Ma et weist och wéi hauchdënn d’Grenz tëscht Konscht a Politik ka sinn. D’Stéck leeft nach bis den 8. Mee am Nationaltheater. Tickete fannt dir op https://www.tnl.lu/stahltier-ein-exorzismus